Vun e Sonndeg unHorairen a Route vu 74 RGTR-Busser ginn ugepasst

RTL Lëtzebuerg
Vum Sonndeg u ginn d'Horairen an d'Strecke vu 74 RGTR-Buslinnen ugepasst, wat ënnert anerem den Transport op de Kierchbierg verbessere soll.
Op verschiddene Strecke soll zu de Spëtzenzäiten zousätzlech oder méi grouss Bussen agesat ginn.
© RTL

Vun e Sonndeg u ginn et eng Rei Changementer beim RGTR-Busreseau. Konkret goufen d'Horairen an d'Routë vu 74 Buslinnen ugepasst.

Ënnert anerem soll den Transport op de Kierchbierg verbessert ginn, andeems d'Horairë moies a samschdes ausgebaut ginn. Weider sollen d'Horairë vun den Zich an de Busser op de Garë vu Leideleng an Ettelbréck besser openeen ofgestëmmt ginn.

Donieft sollen op verschiddene Strecken zu de Spëtzenzäiten zousätzlech oder méi grouss Bussen agesat ginn.

D'Detailer vun all dëse Changementer fannt Dir op mobiliteit.lu.

Back to Top
CIM LOGO