E Mëttwoch
Bréck tëscht Waasserbëlleg a Wasserbilligerbrück (D) gëtt gespaart

© Luc Marteling / RTL
E Mëttwoch gëtt d'Grenzbréck tëscht Waasserbëlleg a Wasserbilligerbrück an Däitschland gespaart, fir d'Gelänner ze reparéieren.
Déi lescht Woch war op dëser Plaz op der N1 een déidlechen Accident geschitt, wou e Chauffer mat sengem Gefier duerch d'Gelänner gaange war, an am Floss ënnendrënner gelant ass. De Chauffer huet den Accident net iwwerlieft.
Wéi et vun der Gemeng Mäertert heescht, gëtt d'Bréck e Mëttwoch tëscht 9 a 14 Auer gespaart, fir d'Gelänner ze reparéieren. Eng Deviatioun gëtt ausgeschëldert.

© Gemeng Mäertert
Am meeschte gelies