Wéi däitsch Medie mellen, huet de Chauffer, dee mat sengem Won e Sonndeg no Mëtternuecht op der Grenzbréck accidentéiert war , den Accident net iwwerlieft.

An der Nuecht op e Sonndeg géint 0.20 Auer war tëscht Waasserbëlleg a Waasserbëllegerbréck op der däitscher Säit vun der Grenz en Auto accidentéiert an dunn an d'Sauer gefall. Den Auto war op der Kopp am Waasser gelant.

Dobäi goufen déi dräi Leit deels schwéier blesséiert. Si goufen an d'Spideeler an der Ëmgéigend bruecht. De Chauffer gouf esou schwéier verwonnt, datt hien un de Suitte vu senge Blessuren am Spidol gestuerwen ass, esou Lokalo.de.

Um Accident waren nieft de Lëtzebuerger Ekippe vu Mäertert, Manternach an dem Samu aus der Stad och d'Ekippe vu Langsur, Igel an Tréier am Asaz. Och Rettungstaucher an Experte vun den Ëmweltautoritéite ware wéinst dem Tëschefall op d'Plaz geruff ginn.