
Betraff sinn deemno all d’Autoe vun de Modeller C3 an DS3, onofhängeg vum Produktiounsjoer, déi mat Airbagge vum fréiere japanesche Fournisseur Takata ekipéiert sinn. Et soll virop ëm Autoen an Däitschland, Frankräich an an der Belsch goen.
Hannergrond vum Réckruff ass den Doud vun enger 37 Joer aler Fra, déi den 11. Juni op enger Autobunn bei Reims ëm d’Liewe komm ass, well hiren Airbag vun der Mark Takata explodéiert ass. Probleemer mat Takata-Airbagge si scho méi laang bekannt, zanter 2014 goufen dowéinst scho Milliounen Autoen zeréck an d’Garagë geruff, fir dës auszetauschen.
