Éischte voll-elektresche Fliger lant um Findel
Et war eng Première zu Lëtzebuerg: Fir déi éischte Kéier ass ee voll-elektresche Fliger um Findel gelant.
Déi amerikanesch Firma Beta Technologies ass den Ament mat hirer elektrescher Maschinn op Europa-Tour an huet och hei am Land ee Stopp ageluecht.
Kleng a grouss Maschinnen ass ee jo um Findel gewinnt: Mat Turbinnen, déi deels vill Kaméidi maachen, geet et op all méiglech Destinatiounen op der Welt. Do fält de voll-elektresche Fliger, deem éischten, deen zu Lëtzebuerg gelant ass, natierlech op. Déi elektresch Aviatioun huet par rapport zu de klassesche Modeller eng rëtsch Virdeeler:
Matthew Colby vu Beta Technologies: "Déi klassesch Fligeren hunn ëmmer déi selwecht Autonomie. An der elektrescher Aviatioun ass et de Virdeel, datt duerch d’Austausche vu just e puer klengen Ersatzstécker, déi an Zukunft weiderentwéckelt ginn, d’Autonomie vum Fliger enorm erhéicht ka ginn, ouni ee komplett neie Fliger mussen z’entwéckelen."
A 40 Minutten ass d’Batterie gelueden an et ka fir ronn 2 Stonnen eng 450 Kilometer wäit geflu ginn. Dës Autonomie soll an den nächste Joer awer zolidd an d’Luucht goen. D’Fléie mam Elektro-Fliger géif op allefalls Spaass maachen:
Ted Dudley, Pilot bei Beta Technologies: "Ech fléie schonn zanter 50 Joer, fir d’éischt bei der Airforce an du bei enger grousser Airline. Beta huet mech dunn engagéiert, fir mat dësem Fliger duerch Europa ze fléien. Et mécht richteg Spaass ze Fliger ze fléien, d’Visibilitéit ass gutt, bal wéi an engem Helikopter, et ass wonnerschéin."
Déi Lëtzebuerger Entreprise Sigma Air Mobility, déi zu Lux Aviation gehéiert, engagéiert sech dofir, fir déi nei Technologien an Entreprisen mateneen a Kontakt ze bréngen, an och am Dialog mat den Autoritéiten dofir ze suergen, datt déi néideg Infrastruktur en place gesat gëtt:
Christophe Lapierre, CEO Sigma Air Mobility: "C’est pas parce que c’est un nouveau type d’avion qu’il faut à tout prix opérer ces avions sur chaque route, il faut trouver les bons marchés et quel est le bon Usage. Ca a pas à vocation de remplacer les autres modes de mobilité, mais un marché entre la partie commerciale et la partie logistique."
Och bei Beta Technologies bitt een souwuel eng Cargo, ewéi och eng Passagéier-Versioun un. Eng ronn 300 Fliger si scho bestallt, dorënner och vu groussen Airlines a Logistik-Entreprisen. Schonn am nächste Joer soll de Fliger vun den Autoritéiten zertifiéiert a fir kommerziell Zwecker genotzt kënne ginn.