Éischte voll-elektresche Fliger um Findel
De Fliger vun der amerikanescher Firma Beta Technologies ass den Ament op Europa-Tour.
Hei zu Lëtzebuerg ass eng Cargo-Variant, mee dee selwechte Fliger gëtt et och an der Passagéier-Versioun, an där 5 Leit kënne matfléien. No der Airshow zu Le Bourget bei Paräis war um Freiden dann Tëschestopp zu Lëtzebuerg.
Mat engem Supercharger, esou wéi ee se vun den Elektro-Autoe kennt, ass d’Batterie a 40 Minutte voll gelueden, an et kann een da bis zu 450 km an enger Flug-Zäit vun 2 Stonnen fléien. De Responsabele vu Beta Technologies no ass d’elektresch Aviatioun eng besonnesch interessant Technologie, dat well déi selwecht Fligere mat der Zäit mat ëmmer méi performante Batterien kënnen equipéiert ginn an een esou hir Leeschtung einfach kann erhéijen.
Och d’Transport-Ministesch Yuriko Backes (DP) huet sech den Elektro-Fliger op enger Visitt ugekuckt. Et wier ee Secteur, an deen och déi Lëtzebuerger Regierung sech weider engagéiere soll.
Yuriko Backes: "Déi Fligere maache manner Kaméidi, vun esou ville Säiten ass dat doten eppes, wou och mir misste kucken, wéi mir eis do an Zukunft wëllen opstellen. Ech menge schonn, dass dat ganz interessant ass. Ech si ganz frou, datt mir dee Fliger hei kënne gesinn an datt Lëtzebuerg Deel vun der Tournée ass, déi de Fliger an Europa mécht. Dat weist och, datt mir hei zu Lëtzebuerg een Zentrum hunn, dee wichteg ass fir d’Aviatioun."
Eng 300 Fligere si bei der Firma Beta schonn a Commande: 2026 soll de Fliger da vun den Autoritéiten zertifiéiert a fir kommerziell Zwecker genotzt ginn. Dëst haaptsächlech an de Post-a Livraisouns-Déngschter, souwéi fir kleng Strecken.