Wa fir déi eng d'Vakanzen ufänken, geet fir déi aner d'Aarbecht richteg un. D'Ekippe vum DIR Est hunn am Summer nämlech däitlech méi ze dinn.

De Maurice Fick vum RTL Infos war sech an d'Zentral vum CISGT d'Situatioun an d'Aarbecht vun deene Leit ukucken, déi d'Stroossen op der franséischer A31 am Bléck hunn an esou probéieren, esou gutt wéi méiglech fir d'Sécherheet op hirem Deel vun der Autobunn ze suergen.

Wann d'Leit sech op de Wee a Richtung Süde maachen, verännert sech eppes op der A31. Et sinn nämlech da méi Leit am Dag an och an der Nuecht op dëser scho vill genotzter Autobunn ënnerwee. An dat si ganz dacks Chaufferen, déi d'Streck net kennen. Dowéinst ass an dëse Méint d'Aarbecht vum CISGT alles anescht wéi Vakanz.

An hirem grousse Gebai hu si d'Kameraen, déi op hirem Deel vun der A31 verdeelt stinn, am Bléck. An do gesäit ee munch Saachen, wou een de Kapp muss rëselen. Esou hu si op der Tëlee konnte live gesinn, wéi eng Hochzäitsgesellschaft op der Autobunn stoebliwwen ass. D'Leit sinn aus hire Gefierer geklommen an hunn op der "Autobunn gedanzt". Awer och, datt ee mam Camper einfach op der Standspuer seng Paus mécht, ass scho virkomm. Eng Fra, déi hirem Mupp nogelaf ass, deen op der A31 ausbéchst war, war och dobäi. An dat si just verschidden ausgewielte kuriéis Fäll, déi d'Mataarbechter an de leschte Jore live mat verfollegt hunn.

Si wëssen am Büro alleguer, wat op si zoukënnt. Schonn de 5. Juli hat Bison Futé e Samedi "rouge" deklaréiert, a Frankräich huet nämlech d'Vakanz ugefaangen. Deen nächste gëtt sech fir de 25. vum 7. Mount vum Joer erwaart, well dann och vill Lëtzebuerger sech op de Wee an de Süde maachen. De 14. Juli, also dëse Weekend, ass d'Kaart esouguer op schwaarz gestallt, well een do mat däitlech méi Leit rechent, déi mam Auto iwwer déi franséisch Autobunnen an d'Vakanz fueren. Widderhuele wäert sech esou en Dag wuel den 2. August, wa Bison Futé Recht behält.

An de Büroe vum CISGT bedeit dëst, d'Situatioun nach besser am Bléck ze hunn, fir de Leit, sollt eppes geschéien, esou séier wéi méiglech hëllefen ze kënnen. Honnerte Kameraen um Reseau suergen dofir, datt d'Mataarbechter d'Streck am Bléck hunn an am Fall wou, séier d'Rettungsekippen an d'Police erausschécke kënnen.