Den 19. Juli huet de Vëlosummer offiziell ugefaangen: en Evenement, dat sech iwwert 14 Circuiten a méi ewéi 500 Kilometer erstreckt.

Offiziell lancéiert gouf de Vëlosummer um Sonndeg, wou d’Leit den éischte Parcours vu Miersch duerch Schëndels a Koplescht bis op Mamer gefuer sinn.

Dësen éischte Parcours war Deel vum Projet “Alles op de Vëlo”; mëttlerweil war et déi 28. Editioun vun dësem Evenement. Fir Miersch ass et eng Traditioun: all Joer, den drëtte Weekend am Juli, ass den Dag vun “Alles op de Vëlo”.

De Michel Malherbe, Buergermeeschter vu Miersch, zielt: “Et war jo ëmmer de Mouvement Ecologique deen domat ugefaang huet, mat der Hëllef vun den dräi Gemengen, Mamer, Koplescht, a Miersch. An do ware mir direkt dofir, fir déi Streck kënne komplett zouzemaachen. Mengem Wëssen no waren et ëmmer 5.000 bis 6.000 Leit, déi hei gefuer sinn. An et gesäit een direkt, do kann d’ganz Famill kommen, mat de Kanner.”  

Well de Vëlosummer zum selwechten Zäitpunkt lancéiert gouf, hunn d’Organisateuren déi zwee Evenementer zesumme gesat, fir esou vill Leit ewéi méiglech unzelackelen. An dat huet geklappt:

“D’Leit weisen, dass et e Succès ass. Et si vill Leit, déi heihinner komm sinn. Et ass eng gutt Kollaboratioun mat der Mierscher Gemeng a wou mir elo frou sinn, dass mir de Vëlosummer 2025 hei kënne lancéieren. An ech si ganz frou, dass mir et hikritt hunn, ganz vill Maillot Jaunen och hei op Miersch ze kréien. Dat weist, dass den Interessi vum leschte Joer och op dëst Joer iwwergeet,” esou den Eric Thill, Minister fir Kultur a Ministre délégué au Tourisme.

Maillot Jaune gewannen  

Zejoert konnten d’Cyclisten e Maillot Jaune gewannen, wa si all Circuit vum Vëlosummer gefuer sinn. Och dëst Joer ass dat erëm de Fall, ass awer och kombinéiert mat Quizzen, déi d’Leit op de Strecke kënne beäntweren.

Am Ganze ginn et 14 Circuite vum Vëlosummer uechtert d’ganzt Lëtzebuerger Land. Wie kee Vëlo huet, ka sech ee lounen, muss en awer am Virfeld reservéieren. Fir méi laang an ustrengend Strecke sinn och méi kuerz Alternativen ugebueden.