A Frankräich gëtt fir den 10. September zum grousse Boykott opgeruff

D'Leit wëlle sech géint d'Pläng vum Premier Bayrou stellen. Och verschidde Parteien a Gewerkschaften ënnerstëtzen de Mouvement "Bloquons tout".
Et ass e Slogan, deen opfält an deen een am Kapp behält. "Le 10 septembre, la France s’arrête" ("Den 10. September bleift Frankräich stoen"). Dëse mécht grad an de Soziale Medie bei eisen Nopere vill den Tour.

© Christophe ARCHAMBAULT / AFP
Zil ass et, ze weisen, datt ee géint déi ekonomesch Pläng vum François Bayrou ass. D'Leit, déi sech hei organiséieren, hunn es sat an d'Situatioun erënnert een e bëssen un d'Gebuert vun de Gilets Jaunes am November 2018.
Éier Frankräich awer den 10. September soll stëll stoen, stelle sech de Premier Bayrou a seng Regierung zwee Deeg virdrun engem Vertrauensvott. Sollt dësen negativ ausgoen, wier dat d'Enn vun der aktueller Regierung a Frankräich. Ma esouguer de Fall gesat, datt dëst géif antreffen an de Bayrou vum 9. September un net méi Premier wier, den Opruff, fir den Dag drop ze streiken, bleift bestoen. Vun offizieller Säit rechent een aktuell domadder, datt ronn 100.000 Leit deem Opruff kéinten nokommen.

De franséische Premier François Bayrou / © AFP/Alain JOCARD
Den ëffentlechen Transport viséiert
Ee vun de Secteuren, dee schwéier vun esou engem Streik/Boykott getraff géif ginn, ass den ëffentlechen Transport. Hei kann et am ganze Land zu Ausfäll a Verspéidunge kommen, well verschidde Gewerkschaften a Gruppéierungen, déi sech um Streik bedeelege wëllen, ebe schonn annoncéiert hunn, dëse Volet vum Transport a Frankräich ze viséieren an eventuell Stroossen a Garen ze blockéieren. Dëst kéint dann och Repercussiounen op den Zuch- a Stroossentrafic am Ausland, dorënner dann och am Grand-Duché hunn. Och Fluchhäfe kéinte vum Streik betraff sinn. Et kann een dovunner ausgoen, dass vill Frontalieren den 10. September entweder Homeoffice ufroen, oder souguer Congé, fir net mussen ze riskéieren, am Stroosseverkéier blockéiert ze ginn.
Spidolspersonal géint Hausse vun der Franchise médicale
Onzefriddenheet och am Gesondheetssecteur. Dofir hunn hei d'Gewerkschaften d'Leit opgeruff, fir ze streiken. Ma och d'Bedreiwer vu Spideeler, wéi d'Grupp AP-HP, déi 38 Etablissementer huet a fir déi ronn 100.000 Leit schaffen, si mat de Propose vum Premier Bayrou onzefridden.
Lycéesschüler kéinte Schoule blockéieren
D'Unioun vun de Lycéesschüler huet en Appell lancéiert, fir d'Schoulen ze blockéieren an esou ze weisen, datt ee géint d'Politik ass, déi "austéritaire et destructrice pour l’éducation" also "autoritär a schiedlech fir d'Bildungswiesen" ass.
Personal aus dem Commerce an der Déngschtleeschtung schléisst sech un
Fir si ass et kloer, datt eppes géint déi niddreg Salairen am Secteur muss gemaach ginn. Och geet et duer mat den Aggressioune géint si, ass ee weidert Argument fir e Streik. Ma net just Leit, déi am private schaffen, sinn opgeruff ze streiken. D'Gewerkschaft, déi d'Leit aus dem staatleche Finanzsecteur vertrëtt, wëll streiken. Hir Agente sollen den 10. September d'Aarbecht néierleeën.
Baueren: Et soll een eis Roserei héieren
D'Leit, déi an der Landwirtschaft schaffen, hunn zwou Fuerderungen: Et soll ee si héieren a si sollen endlech vun hirer Aarbecht "dignement" kënne liewen.
Streik kéint méi wäit goen
Viséiert sinn ënner anerem och d'Banken. Den Opruff ass hei kloer: Benotzt Är Bankkaarten net méi! Esou géifen nämlech d'Banken däitlech manner Kommissiounen erakréien. Dëst sollen d'Leit dem Opruff no awer net just den 10. September maachen, mä och doriwwer eraus weiderféieren.

© Estelle Ruiz / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP