
“Sportlech sinn ech jo éischter um Enn vu menger Karriär”, esou dach e bëssen iwwerraschend den Ufank vum Gespréich.
Am Moment wier et schwiereg Sport an Aarbecht ze kombinéieren, dofir de Choix elo mam Héichleeschtungssport opzehalen: “Ech trainéieren awer ëmmer nach een, zwee Mol d’Woch, einfach fir dran ze bleiwen.”
Nodeems d’Kräizband am Knéi gerass war, Operatiounen, Stabilitéitstraining a vill Stonne Reha hannert hir loungen, hat d’Pola Giorgetti e ganz kloert Zil: d’Spiller vun de klenge Länner an Andorra. No enger laanger Verletzungspaus vun 1,5 Joer duerch e Kräizbandrëss am Knéi, waren d’Spiller vun de klenge Länner den éischte grousse Rendez-vous.
“Do hat ech Gott séi Dank kuerz virdrun de Go kritt vum Dokter. Dat heescht, do war ech ganz frou, dass dat da geklappt hat. A jo, dat war mäin Zil. Ech hunn am Fong net vill u mäi Knéi geduecht dee Moment. Ech hat och e bësse virdru mech mental preparéiert mat engem Mentaltrainer. A jo, dat huet gutt geklappt. Ech hunn do kee Match verluer an d’Goldmedail gewonn.”
No Andorra huet d?Karateka nach bei enger Rei internationalen Turnéier gekämpft. Mee d?Realitéit am moderne Karatesport ass haart, virun allem, wann ee kee Vollzäit-Profi ass.
“Leider ass den Niveau international wierklech immens héich a gëtt ëmmer méi héich. An dat sinn am Fong alles Profie, mat deene mir eis do mussen uleeën. Dat heescht, déi gi carrement bezuelt, fir Karate ze maachen. Déi trainéieren zwee Mol den Dag. An ech momentan trainéieren zwee Mol d’Woch. Dat heescht, et gëtt ëmmer méi schwéier, fir do kënne matzehalen. An dat frustréiert dann och e bëssen, wann een dann... et gëtt een sech sou vill méi mat der Aarbecht vum Karate alles ënnert den Hutt ze kréien. An da gees de op den Tournoi an da leeft et awer net sou, wéi s de gären häss.”

Och duerch déi schwéier Phas mat der Verletzung, déi bal annerhalleft Joer gedauert huet, ass si als Mënsch méi roueg a méi resilient ginn. D’Erwaardunge vun aneren an déi eege Perfektioun stinn net méi esou am Mëttelpunkt wéi fréier. De Fokus wier elo op der neier berufflecher Erausfuerderung. D’Karatewelt, d’Ekipp, d’Frëndschaften an d’Reesen, dat ass fir d’Pola Giorgetti net just e Sport, mee e Stéck Identitéit. Genee dowéinst fält de Gedanken un en definitive Schluss esou schwéier.
Parallel zu hirer Karriär um Tatami op héijem Niveau huet sech d’Pola Giorgetti eng berufflech Zukunft opgebaut, déi ëmmer nach ëm de Sport dréint.
“Et ass wierklech e Konzept, wat et am Endeffekt zu Lëtzebuerg nach net gëtt, e Fitness, mee haut de gamme, wou een och Confort huet. D’Leit mengen ëmmer, dass ee sech iwwerwanne muss, fir an de Fitness ze goen, mee dat hei ass e Fitness, dee soll de Leit Loscht maachen.”
D’Fra vun 29 Joer huet Droit studéiert an duerno am Familljebetrib geschafft. Datt et elo nees Richtung Sport geet, wier keen Zoufall. Dat wier schonn ëmmer an hirem Blutt gewiescht. An der Fräizäit verbréngt si gären Zäit mat hiren Hënn oder mécht en Tuer duerch d’Stad.
“Mir hunn zwee Stroossenhënn, mir hunn déi adoptéiert. Dofir, wei eng Rass et ass, kann ech Iech net soen. Mat deene verbréngen ech ganz gär Zäit.”
Am Gespréich gëtt séier kloer: d’Sportlerin gesäit sech net einfach aus der Karatewelt verschwannen. Mee d’Viraussetzungen am Land sinn net ëmmer optimal, virun allem wann et ëm Trainingspartner op Senioren-Niveau geet. Si selwer ass 29, d’Kolleegin an der Nationalekipp '’Jenny Warling ass och an där Altersklass, déi Jonk si bal eng Dekad méi jonk. Dat mécht den Alldag am Training net ëmmer einfach an d’Iddi, eng Kéier méi staark an eng Trainerroll ze rutschen, ass do.
Si seet, et wier schwéier, dKaratewelt einfach falen ze loossen; wann ee selwer net méi Athlet ass, da wéilt een op d’mannst nach als Coach dobäi bleiwen.