
Wéinst der Stéierung un de Weichen zu Kautebaach ass mat Retarden an Annulatiounen op de Linne Stad-Ettelbréck-Ëlwen-Gouvy a Stad-Dikrech ze rechnen. Dat jeeweils a béid Richtungen.
D’Ekippe vun den CFL schaffen op der Plaz, fir de Problem ze léisen.
Den CFL no soll den Zuchtrafic vun 8 Auer u lues a lues nees normal lafen.
Op hirem Site hunn d’CFL d’Linnebussen opgelëscht, op déi d’Passagéier zréckgräife kënnen.