Automag - Um Circuit getestHyundai Ioniq 6 N

Rich Simon
Andy Brücker
Eng grouss Limousine mat Spaassfaktor? Jo, dat klappt, esou op alle Fall d'Meenung vum Rich Simon.

Am Automag vun haut, si mir ganz séier ënnerwee. Nämlech mam Hyundai Ioniq 6 N. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun hat de Koreaner ënnert de Rieder. Wou genee war dann deen Autotest?

Automag: Hyundai Ioniq 6 N

Do wou den Auto sech am wuelste fillt, nämlech gréisstendeels um Circuit. Wann hannert engem Model bei Hyundai den "N" steet, dann heescht dat, datt et een Auto ass, mat deem ee ka Spaass hunn, wann ee méi, ech soe mol, sportlech ënnerwee ass.

© Rich Simon

Et gi jo e puer N-Modeller…

Dat stëmmt: Bei de Verbrenner den i20 N, den i30 N an de Kona N. Am elektreschen gouf et bis elo just den Ioniq 5 N. Elo ass den Ioniq 6 bäi komm an dat ass deen Auto, deen ech elo konnt fueren. Den i20 an i30 sinn ech och schonns gefuer an ech war drop gespaant, ob den Elektro Ioniq 6 un de Spaassfaktor géif dru kommen.

© Rich Simon

Dat ass dann och déi nächste Fro, déi ech wollt stellen. Wéi ass et da mat deem Spaassfaktor ?

Den Ioniq 6 ass ee Schlitt vu 4 Meter a 85 Zentimeter. Zum Verglach: D'Mercedes E-Klass ass just 9 Zentimeter méi laang. A priori seet ee sech do, datt et mam Spaassfaktor net ka klappen. Dat ass beim Ioniq 6 N, awer net de Fall. Am Géigendeel. Wann eng Firma fir eng Testfaart de Schwéierpunkt op Ronnen um Circuit leet, da maache se dat net fir näischt. Den Ioniq 6 N fillt sech richteg wuel um Circuit. An hannert dem Steierrad, ass dat fir de Pilot och de Fall. Et waart ee just drop, datt een de "Go" kritt, fir d'Limousine duerch d'Kéieren ze joen.

© Rich Simon

Wat kënnt dann op een duer, wann een de Go bis krut ?

Fir d'éischt emol ee breet Grinsen am Gesiicht. An 3,2 Sekonnen, gëtt ee vun 0 op 100 an déi haart Sportsëtzer gedréckt an et freet ee sech, op déi éischte Kéieren déi kommen. An da gëtt aus dem breede Grinsen, een haart Laachen. Hyundai versteet et einfach fir Stroossenautoen ze bauen, déi um Circuit Spaass maachen. Et musse een den Auto schonns richteg u seng Limitte bréngen, fir datt déi hënnescht Rieder ewech rutschen. Mat bësse Géigelenkung, huet een den Auto awer nees séier op de Schinnen.

© Rich Simon

Du hues praktesch näischt Negatives iwwer den Auto gesot. Wéi vill kascht déi Maschinn dann?

Ech sinn den Auto haaptsächlech um Circuit gefuer an do gëtt et ganz einfach näischt Negatives ze soen. Deen normalen Ioniq 6 kréie mir och nach an den Test an da kann ee bëssen méi op den Detail, vun der Veraarbechtung a.s.w. agoen. D'N-Versioun kascht 74.450 Euro. Wéi schonns gesot: Fir dee Präis ass ee vun 0 op 100 an 3,2 Sekonne. D'Spëtzt déi läit bei 257 Kilometer. Dat ass immens, fir een Elektro-Auto. Déi maximal 650 PS, liwweren 770 Newtonmeter. Dat si schonns alles Wäerter an Zuelen, déi fir sech stinn.

Den Hyundai Ioniq 6 N kann een awer och ganz normal op der Strooss fueren. Wann een dann awer un e puer Knäppercher dréine geet, huet een aus enger normaler Limousine, ganz séier ee Playmobil gemaach.

© Rich Simon

Back to Top
CIM LOGO