Wéinst Virfall am franséische ReseauVerspéidungen an Ausfäll op der Streck Lëtzebuerg - Thionville - Metz méiglech

RTL Lëtzebuerg
A béid Richtungen ass en Donneschdeg op der Zuchstreck, déi Lëtzebuerg mam franséische Grenzgebitt verbënnt, mat Problemer ze rechnen.
© CFL

Wéinst engem net preziséierte Virfall am franséische Reseau kënnt et um Donneschdeg op der Zuchstreck Lëtzebuerg - Thionville - Metz, a béid Richtungen, zu Verspéidungen oder Ausfäll.

Déi üblech Bussen (501, 502, 503, 504, 551) fueren awer wéi normal, grad esou wéi den Tram an d'Zich tëscht dem Houwald an der Stater Gare.

UPDATE:

Entretemps ass et d'Nouvelle, dass d'Ursaach vun der Stéierung behuewe wier. Trotzdeem wier et net ausgeschloss, datt et nach zu Verspéidungen oder Ausfäll kéint kommen, sou d'CFL, déi sech fir déi entstanen Ëmstänn entschëllegen.

© Screenshot cfl.lu

Back to Top
CIM LOGO