Interessant ass, datt d'Motorrieder net just ausgestallt sinn. Et ass och d'Méiglechkeet, eng ganz Rei u Modeller direkt op der Plaz ze testen.
Am Joer 2000 waren eng 10.800 Motorrieder hei am Land ugemellt. D'lescht Joer waren et der iwwer 150% méi. Mat ronn 28.000 Maschinnen. An Dag fir Dag komme weider Motarden derbäi. D'Fahrschoulen hunn d'Hänn voll ze dinn.
De Max Mayer erkläert, wat e fir e Motorradsfürerschäi maache muss: ‘’Et ginn immens vill verschidde Kategorië vu Fürerschäiner. An dat geet vu just enger Ausbildung fir de B100 - Fürerschäin zum Beispill. Wou ee mam Autosfürerschäin sech ka weiderbilden an deem Sënn, andeems ee just 7 Fuerstonne mécht. Bis hin zu deem normalen A2 -décke Motorrads-Fürerschäin. Do ass et natierlech esou, dass een Theorie muss maachen, 6 Stonnen Theorie plus 16 praktesch Fahrstonnen an deementspriechend och Examen.''
Op d'Strooss däerfen déi Jonk eréischt mam Tëff vu 16 Joer un. Vill éischter hunn d’Jongen a Meedercher vum Trial Club Waarken d'Motorrad entdeckt. De Weekend iwwer weise si, wéi se mat hire Maschinne iwwer d'Fielse jongléieren.