
D’EU-Kommissioun huet haut eng Alternativ zum sougenannte Verbrenner-Verbuet proposéiert. Eigentlech war geplangt, datt vun 2035 un nei Autoen keng CO2-Emissioune méi dierften hunn. An Zukunft soll et dofir awer Ausname ginn.
Deemno mussen d’Autosconstructeuren dofir suergen, datt déi nei Autoen, déi si bannent engem Joer verkafen, alles an allem 90 Prozent manner CO2-Emissiounen hunn, wéi déi, déi si 2021 verkaaft hunn. De facto bedeit dat, datt déi grouss Majoritéit vun de Venten - beim aktuelle Stand vun der Technik - keng Verbrenner-Autoen méi dierfte sinn.
Konditioun fir dës Ausnam ass awer, datt d’Autosconstructeure mat ëmweltfrëndlechem Stol a méi Klima-frëndlechem Sprit auszegläichen.
De Sujet Verbrennerverbuet ass iwwerdeems och e Mëttwoch de Moien Thema an der Emissioun “Dir hutt d’Wuert”. Als Invitéen am Studio hu mer déi fréier gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring an de Gerry Wagner vum House of Automobile.
Donieft gouf den alleréischten europäesche Plang fir erschwéngleche Wunnraum en Dënschdeg vum zoustännege Kommissär Dan Jørgensen vun der EU-Kommissioun presentéiert. Mat iwwer enger Millioun Leit, déi an der EU keen Daach iwwert dem Kapp hunn a Präisser, déi an de leschte 15 Joer ëm 60% geklomme sinn, wier et eng Kris, déi all d’Memberstaate géif concernéieren. Ënnert anerem soll d’Verloune vu Wunnengen op kuerz Dauer, also iwwer Plattforme wéi Airbnb, méi konsequent gereegelt ginn.
D’Investitioune sollen an d’Luucht gesat ginn iwwert EU-Fongen, d’Bau- mee och d’Autorisatiounsprozedure solle vereinfacht ginn an eidel Wunnenge solle vill méi konsequent genotzt ginn, respektiv Büroen zum Beispill déi net genotzt ginn a Wunnengen ëmgebaut ginn. De sougenannten “european affordable housing plan” soll duerch méi Suen, méi schnell Prozedure mee och sozial Prioritéiten d’Unzuel u bezuelbare Wunnengen ukuerbelen.
Liest och hei: