
Am Stroosseverkéier ginn et eng jett Schëlder, mat verschiddene Faarwen, Formen a Bedeitungen. All Schëld huet och seng individuell Bedeitung, déi eng Schëlder si méi relevant ewéi déi aner. An Däitschland ass elo dëst Joer en neit Schëld erauskomm, mee wéi ass et hei zu Lëtzebuerg mat neie Schëlder?
Am Stroosseverkéier fiert een zesummen als eng Gemeinschaft, an där ee sech u gewësse Reegelen hale muss. Ma zu dëse Reegele gehéieren och Schëlder. All Stroosseschëld huet seng eege Bedeitung, déi ee kenne muss an un déi ee sech och hale muss, soss ass de Risk grouss, dass nach méi Accidenter geschéien. Fir d’Sécherheet am Stroosseverkéier ze garantéieren, kommen heiansdo neie Schëlder eraus, sou wéi dëst Joer an Däitschland. De Fahrlehrer Tim Wagner vun der Fahrschoul Wallheimer, erkläert eis d’Bedeitung vun dësem neie Stroosseschëld.
“Et handelt sech hei ëm e Verbuetszeechen, wat eis seet, dass een eespueregt Gefier net vun engem mehrspuerge Kraftfahrzeug iwwerholl duerf ginn. Vereinfacht gesot, heescht dat näischt aneres, dass zum Beispill en Auto oder e Camion kee Vëlo oder e Moto duerf iwwerhuelen. Dozou gehéiert och de Moto mat Sidecar, deen duerf och kee Moto oder e Vëlo iwwerhuelen.”

Europawäit ginn et Plus Minus déi nämmlecht Schëlder, mat e puer Ausnamen. Dat huet och e Grond, well soss kéinte mir nëmmen an eisem eegene Land, mat eise Gefierer fueren, well mir keng Anung hätten, wat d’Schëlder am Ausland géinge bedeiten. An Däitschland gëtt dëst neit Stroosseschëld, mat Maximal 70 Euro an engem Punkt zu Flensburg bestrooft. Kënne mir als Lëtzebuerger protokolléiert ginn, wa mir an Däitschland vun der Police ugehale ginn?
De Manuel Ruggiu vun der SNCA: “Wann een am Ausland op Schëlder trëfft, wou een net kennt an een dann ugehale gëtt vun der Police, muss een an de saueren Apel bäissen a sech engem Bessere beléiere loossen, dass een do e Feeler gemaach huet. Dat spillt keng Roll, wann een elo eng auslännesch Plackennummer huet, dat seet, dass een dat Stroosseschëld net am eegene Land huet.”
Et ass een also verflicht, wann een an d’Ausland fiert, sech ze informéieren, am Code de la Route vun dem jeeweilege Land. Mä nees zeréck op Lëtzebuerg, wéi gesäit et hei am Land aus, punkto nei Schëlder?
Tim Wagner: “Jo, och bei eis sinn an de leeschte Joren e puer nei Schëlder dobäi komm. E Schëld wat elo méi rezent ass, wou een och ëmmer méi dacks gesäit op eise Stroossen ass “Rue Cyclable”, bei dësem Stroosseschëld muss ee sech och u verschidde Reegelen halen. Et gëllt eng maximal Vitesse vu 30km/h, de Vëlo duerf déi komplett breet vun dëser Strooss notzen. Alles wat e Kraftfahrzeug ass muss um kierzte Wee duerch dës Strooss fueren, se duerfen net iwwerhuelen, a duerfen net de Vëlosfuerer a Gefor setzen. Am schlëmmste Fall muss d’Kraftfahzeug stoebleiwen. Stationéieren ass generell verbueden, a wann een dës Strooss verléisst, an et ass keng Beschëlderung do, da gëllt Rietsvirfaart.”

Bei neie Schëlder gëtt net ëmmer eng grouss Informatiounscampagne gemaach, mä all Schëld gëtt codéiert a gëtt an de “Code de la Route”, wéi och an d’Legalisatioun dobäi gesat.
De Stroosseverkéier ass wierklech e komplext Thema, mee et bleift net aus, dass een e gewëssent Grondwësse muss hunn.