Trafic zu Paräis massiv betraffStroumpann op der Gare de l'Est

RTL Lëtzebuerg
Betraff heivunner sollen och den RER, Metroen an d'Ligne P vum Transilien.
Archiv-Foto
© afp

Eng gréisser Stroumpann huet de Fonctionement vun der Paräisser Gare d'Est zu groussen Deeler op Äis geluecht. Betraff sinn all d'Departen, déi vun der Paräisser Gare aus sollte fortfueren. Annoncéiert war, datt ee bis op d'mannst 22 Auer um Donneschdeg den Owend mat Problemer misst rechnen.

Ma betraff waren awer net nëmmen d'Zich, déi ënnert anerem och Verbindunge mat Lëtzebuerg hunn, ma ënnert anerem och déi komplett Linn E vun RER an d'Linn P vun Transilien. "D'Ekippe sinn op der Plaz, fir eng Analyse ze maachen an d'Installatiounen ze sécheren", sou d'SNCF der AFP géigeniwwer.

Back to Top
CIM LOGO