
Am Kontext vun den héijen Temperaturen, déi fir déi nächst Deeg erwaart ginn, schéckt de Ministère nach um Donneschdeg emol d'Lignes directrices a Recommandatiounen un d'Schouldirektiounen, fir de Schutz vun de Schüler an dem Schoulpersonal z'assuréieren. Dat krut RTL aus dem Educatiounsministère confirméiert.
D'Schoul géing e Kader bidden, an deem d'Schüler permanent ënner Opsiicht vun Erwuessene stéingen an encadréiert wieren, fir mat den aussergewéinleche Konditiounen eens ze ginn. Dofir gëllt de Prinzip, datt den Unterrecht weidergefouert gëtt, mee d'pedagogesch Aktivitéiten a Funktioun vun den Temperaturen an de lokale Gegebenheete vun de Gebaier sollen ugepasst ginn.
Recommandatioune fir preventiv Moossnamen a méiglech Upassunge kruten d'Schouldirektioune matgedeelt. Et gouf hinnen och eng Fiche geschéckt mat Recommandatioune vum Santésministère fir déi richteg Gesten am Ëmgang mat der Hëtzt, déi den Eltere kann ausgedeelt ginn.
Eng eventuell Dispense kann nëmmen "en cas de force majeure" decidéiert ginn, um lokalen Niveau, also vun de Gemenge fir d'Grondschoulen a vun de Lycéesdirektioune fir de Secondaire.