Den 2. Juli 2014, also genee viru 5 Joer, war et d’Enn vum Bommeleeër-Prozess, Deel 1.

Wat maachen déi eigentlech? A firwat dauert dat esou laang? Zwou Froen, déi een nawell dacks héiert, wann et drëms geet, wat am Bommeleeër-Dossier lass ass zanter de Prozess gestoppt ginn ass, well géingt 6 weider Verdächteger soll enquêtéiert ginn.

En Dënschdeg, op den Dag genee, ass dat jo 5 Joer hier. Wat also hu se gemaach, d'Enquêteuren?

AUDIO: Bommeleeër: Wat gouf déi lescht 5 Joer gemaach / Nico Graf

Se hu geschafft, kann ee wuel soen. An et war net ëmmer e schéinen Job, deen do ze maache war. Notamment, wou et drëms goung, genee ze kucken, wie wat wéini am Prozess gesot hat a firwat sech dat mat aneren Aussoen recoupéiert oder widdersprach huet oder carrement eppes Neies war. Oder Blödsinn. Wat jo och emol virkomm ass. An no enger Explikatioun gebierelt huet, zum Beispill, wann de Charel Bourg sot, säi Frënd Jos Steil hätt him gesot, hie wéisst wien d'Bommeleeër wieren, an hien, Charel Bourg, hätt do net nogefrot.

Am Laf vun de 5 Joer hu 6 Enquêteuren um Dossier geschafft an et gouf de ganze Programm vun Enquêteursaarbecht, also Perquisitiounen, Saisien, Verhéier a souguer Telefonsiwwerwaachungen. Notamment am Fall Guy Stebens ass bekannt, datt hien dee ganze Programm krut. Net verwonnerlech, well et war jo hien, deen am Prozess gesot hat, et wier schwéier als Éischten Nimm ze nennen.

Et gouf och sougenannt Devoiren aus dem Prozess, deenen huet misse nogaange ginn, zum Beispill huet een Enquêteur de ganze militärjuristesche Volet opgeschafft, also déi faméis Fro: Waren d'Attentater vläicht awer eng besonnesch Form vun Nato-Intrigen oder Stay-Behind-Manöveren?

Wat bei all deem erauskoum, dat ass ganz vill Geschriwwenes, sot zejoert de Procureur Georges Oswald. Iwwer 200 Schrëftstécker si verfaasst ginn, an do si ganz etofféiert Rapporten a Procès verbauxen dobäi.

Stand zejoert ass et awer derbäi bliwwen, datt d'Täter an der Gendarmerie, méi genee an der Brigade mobile ze siche sinn. An et schéngt keen onbekannten Täter dobäikomm ze sinn.

Wann den zweete Mann aus der Brigade mobile, de Jos Steil, nach liewe géif, da wier deen en Ugekloten, mat senge Kollege Marc Scheer a Jos Wilmes. A wat ass mam Grënner vun der Brigade mobile, dem fréieren emol Haaptverdächtege Ben Geiben?

En ass net richteg eraus, an ass awer och net richteg dran am Dossier. En dehors vun deene 6 Persounen, déi sech am groussen Deel a Widderspréch verstréckt hunn, nach all aner Personnage an den Dossier kann a soll an deen Dossier integréiert ginn, wa sech dat esou ergëtt, sou nach de Procureur Georges Oswald. An do genee sou e Ben Geiben dobäi, wéi iergendeen aneren.

Dat ass e Wénk vum Georges Oswald, dee mam Fanger op de Paul Haan an 2 weider fréier Enquêteuren diicht, déi am Oktober 1985 zu Bréissel eng Iwwerwaachung vum Ben Geiben organiséiere sollten. Aus där gouf näischt a nom Attentat um Geriichtsgebai war d'Spur Geiben dout – ouni Explikatioun bis haut.

Datt et elo op eemol esou séier weidergeet am Dossier, datt all déi Verdächteg beim Juge d'instruction passéieren, dat huet och Organisatiounsursaachen: D'Summervakanz steet virun der Dier an de Juge d’instruction-directeur Ernest Nilles gëtt am Hierscht neie Procureur d’État zu Dikrech. Hien ersetzt do den Aloyse Weyrich. An der Stad kënnt den Untersuchungsriichter Eric Schammo iwwerdeems an d’Plaz vum Ernest Nilles.

Bommeleeërprozess viru 5 Joer ausgesat, 3 nei Verdächteger?

Deen Dag huet d’Riichterin Sylvie Conter matgedeelt, dass de Joerhonnertprozess géint de Marc Scheer a Jos Wilmes no 177 Sëtzungsdeeg géif ausgesat ginn. E kéint eréischt virugoen, wa gekläert wär, wat d’Enquête géint 6 weider Gendaarme géif erginn. Entretemps sinn der anscheinend dräi weiderer dobäikomme.

AUDIO: 5 Joer Stopp Bommeleeërprozess / Reportage Nico Graf

Den 2. Juli 2014 also ass dee Monster-Prozess ugehale ginn, deen Enn Februar 2013 ugefaange hat. Zwee fréier Gendaarmen aus der Brigade mobile souzen als Bommeleeër op der Uklobänk, de Marc Scheer an de Jos Wilmes. Op der Zeie-Lëscht war ganz vill Prominenz, Politiker, Prënzen, a ganz vill Gendaarmen, Polizisten a Leit vum Geheimdéngscht. Dräi Méint ware virgesinn, herno waren et der 16. Iwwerdeems déi meescht Gendaarme sech u guer näischt erënnere konnten, waren et aner Zeien, déi Kloertext geschwat hunn. Zum Beispill de Geschäftsmann Ted Wormeringer, dee sot, de fréiere Chef vun der Brigade mobile Ben Geiben hätt him gesot, hie wär de Bommeleeër. Oder de Procureur général Robert Biever, deen déi ferm Impressioun hat, datt héich Leit am Staat wéissten, wie Mëtt der 80er Joer wat gemaach huet. Oder de fréiere Riichter Prosper Klein, deen uerteelt, et wier wuel eng Staatsaffär, déi ni dierft opgekläert ginn. Der Sylvie Conter, der Riichterin am Prozess, ass opgefall, datt jidder Enquête fréier e Succès war, just eben net d'Sich no de Bommeleeër. A si huet dem Marc Scheer gesot, hie géing do sëtzen wéinst deem, wat hie gesot hätt, zouginn hätt, also wéinst sengem koppege Geständnis, hien an de Jos Wilmes wieren an der Géigend vun der Bomm um Findel iwwer d'Strooss gelaf. Negativ opgefall sinn absënns d'Aussoe vun de Gendarmerie-Offizéier Harpes, Bourg, Reuland, Schockweiler a Stebens. Do waren et Widderspréch, Onwahrscheinlechkeeten, trous de mémoire, verschwonnen Agendaen, Undeitungen, si wéisste méi, wéi se soten. An iwwer allem ëmmer d'Certitude, datt se an der Gendarmerie ganz fréi verstanen haten, datt et der vun hinne waren, déi d'Bomme geluecht haten an datt dat entweder intern, laanscht d'Justiz, opgekläert oder ebe vertuscht sollt ginn.

De Fall vum Marcel Weydert ass nach méi speziell. D'Riichterin huet him a memorabele Prozess-Deeg nogewisen, datt hie gelunn huet an hien ass quasi als Kasematte-Bommeleeër aus dem Prozess erausgaangen. En attendant dee nächste Prozess.

De Procureur Georges Oswald huet annoncéiert, datt déi fréier Gendaarmen als Auteur, Co-Auteur oder Komplize vun den Attentäter sollten inculpéiert ginn.

Aus Zeie waren also spéider Ugekloter an engem zweete Bommeleeër-Prozess ginn. A genee dorunner hunn d'Enquêteuren elo 5 Joer laang geschafft an esou weit mir wëssen, geet déi Aarbecht dëser Deeg op en Enn. Et war am Palais de justice ze gesinn, datt déi fréier Gendaarme vum Juge d'instruction Ernest Nilles convoquéiert gi sinn. An der Reegel kréie Verdächteger da gesot, si kéime viru Geriicht.

Méi verwonnerlech awer ass, datt et wuel weider dräi Ugekloter soll ginn, ënner hinnen ee vun de beschten Enquêteuren, déi d'Land jee hat: de Paul Haan. Dee wéinst angeblechen Ongereimtheeten a sengen Aussoen op därselwechter Uklobänk sëtze soll, wéi säi fréiere Chef Aloyse Harpes, dee grad de Paul Haan mordicus vum Bommeleeër-Dossier ewechgehalen huet a mat deem de Paul Haan a sengem Beruffsliewen décke Buttek hat. Sollt et zur Uklo géingt de Paul Haan kommen, wier dat eng weider onwahrscheinlech Péripétie an engem onwahrscheinleche Skandal-Epos.