Doud vum wichtegen Zeien Armand Giwer

Den Armand Giwer ass verstuerwen. De Mierscher Holzhändler war e wichtegen Zeien am Bommeleeërprozess, dee viru genee 6 Joer gestoppt ginn ass.
Wéi dat esou ass: herno seet ee sech, et hätt en et gesi kommen, awer dach net esou séier.
Wéi mir vun RTL déi leschte Kéier beim Armand Giwer zu Miersch waren, du hate mer verstan, datt hie krank wier, d’Memoire war net méi esou gutt wéi fréier an d’Urteeler manner tranchéiert. An elo also d’Annonce, hie wier verstuerwen.
Domat ass een dout, deen am Bommeleeër-Prozess am Mäerz viru 6 Joer fir décken Tapage gesuergt hat. „Holzhacker“ huet d’Defense hie vernannt an d’Lydie Lorang wollt ultimativ vun him wëssen, wien hien da wier. Déi Fro war zwar aggressiv gemengt, et war awer eng, déi een dem Holzhändler Armand Giwer och frëndlech stelle konnt – an da krut een esouguer eng Äntwert. Hien hat mat amerikanesche Servicer ze dinn, notamment mat engem Security think tank, wier awer – sot hien – net beim Stay behind gewierscht. An hien ass beim SREL eragaang, wéi wann hien do doheem wier, hat mam SREL-Chef Hoffmann ze dinn, hat och Kontakter mat franséische „Servicer“ an och wuel – hie war ëmmer gutt informéiert – hat och wuel seng Sourcen an eiser Police judiciaire.
An den Dossier Bommeleeër huet hien natierlech vun Ufank un interesséiert. Hien war et, dee gewarnt hat, eng nächst Bomm géif um Findel explodéieren; säi Warnbréif koum ze spéit. An duerch puren Zoufall ass hien e wichtegen Zeie ginn fir dBomm, déi Enn November ´85 de Pylone zu Heeschdref zerstéiert huet. Hien huet nämlech an der Noperschaft um Dummeldenger Bierg mat engem belschen Aarbechter Holz opgelueden, an der Mëttesstonn, kuerz ier d’Bomm explodéiert ass. An du waren op eemol zwee Autoen aus dem Gréngewald erfort komm. A wéi déi an den Autoen si gesinn hunn, si se stoe bliwwen. Een ass erausgeklommen, huet gekuckt, an nom Gezécks wiere se weidergefuer. Deen erausgeklommen ass, deen hätt esou militäresch ausgesinn, sot den Armand Giwer. A wéi dunn d’Bomm explodéiert ass, huet hien direkt de Lien gemaach mat den zwee Autoen an den Typpen dran. An am Prozess huet hie mam décke Fanger op d´Brigade mobile gewisen an op d'Ugeklote Scheer a Wilmes an de verstuerwene Jos Steil – wat d’Defense zu Gebierels verfouert huet.
Den Armand Giwer war also ee vun deenen - där Leit gouf et keng Onmass am Land - een, dee ganz fréi verstan hat, datt d´Bommen aus Sécherheetskreesser eraus gezünt gi waren, datt duerch Explosiouns-Chaos fir méi stramm Uerdnung sollt gesuergt ginn.
Den Armand Giwer hat awer och seng Naupen. Zum Beispill déi, duerch Profiler-Triangulatioune wëllen ze beweisen, wou den eigentleche Bommeleeër-Boss wunne géif.
6 Joer nom Prozess-Stopp ass den Armand Giwer elo gestuerwen; seng Aussoen leien am Dossier an an de Prozess-Protokoller.
Esou ass dat mat där Affär: den Dossier lieft an d’Leit stierwen.