Bommeleeër: 2 Ex-Gendarme sollen de Prozess gemaach kréien

Déi zwee fréier Gendarmen, déi an der Affär Bommeleeër beschëllegt waren, sollen de Prozess gemaach kréien. Si ginn awer géint déi Decisioun an Appel.
Iwwer 25 Joer no den Attentater sollen elo fir d'éischte Kéier zwee Leit an der Affär Bommeleeër de Prozess gemaach kréien. Viru ronn 3 Joer a 4 Méint waren zwee Poliziste beschëllegt ginn an elo huet „d'Chambre du Conseil“ decidéiert, dass et genuch Unhaltspunkte gi fir deenen zwee Ex-Membre vun der Brigade mobile de Prozess ze maachen.
Esou laang huet et gedauert fir den Dossier intensiv ze préiwen, explizéiert de Porte-Parole vun der Justiz Henri Eippers.
"Et besteet natierlech nach d'Méiglechkeet géint déi Decisioun an Appel ze goen an dat maachen ech direkt Muer de Moien ëm 9 Auer", sot den Affekot vun den Ugekloten, de Maître Gaston Vogel am RTL Interview.
Duerno gëtt den Dossier dann op en Neits gepréift. "Dat dauert, esou laang, wéi et dauert". Et gëtt keng Délaien, d'Prozedur ass amgaangen – et gëtt also och keng Verjährungsfristen.
Déi zwee Poliziste sinn op fräiem Fouss, allerdéngs si se zanter iwwer 3 Joer och vum Déngscht suspendéiert.
De Parquet präziséiert awer och nach, dass dësen Deel elo vum Rescht vun der Affär ofgekoppelt gëtt: An anere Wieder: Et kënnen och an Zukunft nach weider Leit ugeklot ginn.