Bommeleeër-Affär: Déi 2 Ex-Gendarme wëllen net de Wee vun der Defense matgoen. Si bleiwen derbäi, datt si näischt mat den Attentater ze dinn hunn.

En Affekot, dee Problemer mat der Défense vu sengem Client huet, zwee inculpéiert fréier Gendarmen, déi partout net d’Bommeleeër wëlle gewierscht sinn: D’Reporter vu Radio Lëtzebuerg hunn déi Haaptconcernéiert an der Affär Bommeleeër begéint, nodeems d’Justiz matgedeelt hat, et giff e Prozess an der Affär ginn.
De Maître Vogel huet e Problem. Déi zwee inculpéiert fréier Gendarmen maache net wéi hie wëll. Dat mécht him d’Défense schwéier a se kéint dach esou liicht sinn.

RTL

De Maîte Vogel sot, hie wier drop aus, viru Geriicht ze beweisen, datt d’supérieurs hierarchiques vun den zwee Inculpéierten eppes mat der Saach missten ze dinn hunn. A wann déi zwee Inculpéiert op Uerder gehandelt hätten, da kéimen si viru Geriicht vill besser ewech. Géint d’Decisioun vun der Chambre du Conseil, de Prozess ze maachen, wëll de Maître Vogel en cassation goen. Hie verteidegt nëmme méi ee vun den Ugekloten; den anere fréiere Gendarme huet elo seng eegen Défense.

RTL

Interview mat den 2 InculpéiertenDéi zwee fréier Gendarmen, déi kënnen oder wëllen net op dee Wee matgoen; am Interview stellt de Marc Scheer emol fir d'éischt prinzipiell fest: Sou wuel den Jos Wilmes fir hien hätten näischt mat der ganzer Saach ze dinn. Mir wëssen net wien et war. Mir wëssen net firwat déi Saache geschitt sinn. Et kéint natierlech sinn, datt si 2 elo Boucs émissaires musse spillen. Si  verstinn och net opgronn vu wat, si elo virun d'Chambre criminelle musse goen. Et wiere keng Faiten do, keng Beweiser do. Et wier einfach näischt do. Dat eenzegt wat wier, dat wier dommt Geschwätz.

An de Jos Wilmes, dee kënnt vu sech aus op dem Maître Vogel seng Iddi ze schwätzen. Dat géife si net matmaachen. Et wier d'Wourecht: Si hätten näischt mat der Saach ze dinn!

Am Prozess muss de Maître Vogel also op zwee Niveaue plaidéieren: éischtens op onschëlleg an zweetens – wann déi fréier Gendarmen et awer sollte gewiescht sinn – da misst hien dorop plaidéieren, datt se nëmmen Uerderen gefollegt hätten.

RTL

Hir Supérieuren hätten an deem Fall also net méi hir Rou op hire feste Plazen, an hire Pensiounen oder wou se bis ewell der Saach vu wäitem nokucke kënnen. Hiert Ziel, hiert Motiv – méi Moyenën fir d’Forces de l’ordre – dat ass esouwéisou erreeecht ginn.

Mee an an der Saach selwer, an der Ukloschrëft, wat steet dran, firwat hunn zwou Chambres du conseil decidéiert, datt et e Prozess géint de Marc Scheer an de Jos Wilmes soll ginn. Si wëssen et net, seet de Jos Wilmes. Si géife wëssen, datt et guer keng materiell Beweiser am Dossier géif ginn. Si verstinn net, wéi et sou wäit konnt kommen.

Mee een Ament ass de Jos Wilmes ganz no beim Maître Vogel.  Et géif schéngen, wéi wa si hei missten op eng Pan klaken, mat där si guer näischt ze dinn hätten.

Bon, mee iergendeppes muss jo sinn ; de Marc Scheer mengt, si hätte sech heinandsdo an de Verhéier mat de fréiere Kollegen onglécklech ausgedréckt an et giff hinnen dorausser elo e Stréck gedréit ginn. Et kéint sinn, datt si mol ee Witz erzielt hätten, deen dunn net als Witz opgefaasst ginn ass.

De Marc Scheer an de Jos Wilmes wëllen iwwerhaapt net vill vum Dossier Bommeleeër wëssen. Si hätten näischt iwwer Leitunge gewosst. Dat wier net hiren Job gewiescht. Dat wier nämlech d'Lutte géint déi schwéier Kriminalitéit gewierscht.

Um Enn vun zwee mouvementéierten Interviewen ass ze soen, datt d’Défense – de Maître Vogel -  am léifsten déi wierklech Responsabel, hierarchesch iwwer de Brigade mobile, als Täter entlarve giff an datt déi Kleng aus der Brigade mobile weider insistéieren, si wieren onschëlleg.

Et wier gutt, wann de Bommeleeër-Prozess séier kéim, fir all déi nebulös Zonen ze duerchliichten.

Am Januar 2010 hat d'Untersuchungsriichterin Doris Woltz hir Enquête ofgeschloss an d'Justiz hat matgedeelt, datt zwou Persounen aus dem Ëmfeld vun der fréierer Gendarmerie beschëllegt goufen.

Zwou Persoune vun der deemoleger Brigade mobile vun der Gendarmerie waren de 24ten November 2007 eng éischter Kéier bei der Untersuchungsriichterin. Deen Dag drop -Sonndes Moies- hat den deemolege Procureur Robert Biever d'Presse zesummegeruff fir doriwwer z'informéieren.

De Procureur Général sot e Mëttwochowend am RTL Interview, datt et net ausgeschloss ass, datt nach aner Leit beschëllegt ginn, schliisslech wieren et op d'mannst 4 Auteure gewiescht, déi tëschent dem Abrëll 85 an dem Mäerz 86 fir 20 Attentater gesuergt hunn.  
Méiglecherweis wieren der elo zwee dovunner identifizéiert, déi aner zwee nach net.

De Robert Biever huet och nach betount, datt et den Ament just genuch Elementer ginn, déi et erlaben deenen 2 Beschëllegten de Prozess ze maachen, wat awer net automatesch heescht, datt se schëlleg sinn.

Wéini de Prozess géint déi zwee fréier Gendarmen ufänkt, ass de Moment nach net ze soen.

Reaktioun vun der Policegewerkschaft op Prozess Bommeleeër:

„Dat Wichtegst ass, dass et elo zu enger Klärung vun der Affär kënnt“: Dat sot de President vun der Policegewerkschaft en Donneschdegmoien als Reaktioun op d’Nouvelle, dass et an der Affär Bommeleeër zu engem Prozess kënnt. Déi Annonce war fir den Albert Ressel keng grouss Iwwerraschung. Zwee fréier Membere vun der Brigade mobile gi jo beschëllegt, fir d’Attentatsserie Mëtt der 80er Joer responsabel ze sinn.

Affär Bommeleeër: Et kënnt zu Prozess géint 2 Ex-Gendarmen
Bommeleeër: Et gëtt genuch Unhaltspunkten, fir den 2 Ex-Membre vun der Brigade mobile de Prozess ze maachen, sou d'Chambre du Conseil um Mëttwochowend.