Et gëtt een neien Ament an der Affär Bommeleeër: Wort.lu schreift vun engem Zeien, deen déi zwee Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes entlaascht.

Op d'mannst fir d'Attentat den 2. Dezember 85 wou Owes aus engem Auto eraus e Knuppert op de Konferenz-Center um Kierchbierg geworf gouf. Den Zeien François Hermes sot, dass béid Ugekloten déi Zäit vun deem Attentat mat him Kaffi gedronk hunn.