Affär Bommeleeër: An enger parlemetarescher Fro kënnt de Claude Meisch op déi 88 Beweisstécker zréck déi an der Zäit verschwonne sinn.

Den DP-Deputéierten wëll vum Justizminister wëssen, op et stëmmt, datt d'Piècen ouni d'Wëssen vum Untersuchungsriichter un den FBI weidergi goufen, sou wéi et den Affekot vun engem vun den Ugekloten gesot huet. Dës Informatiounen hätt de Procureur a sengen Explikatiounen virun der juristescher Chamberkommissioun virun 3 Joer nämlech net ginn. Huet déi Lëtzebuerger Justiz eng Demande beim FBI gemaach, fir dëst wichtegt Beweismaterial erëmzekréien a fir ze wëssen op d'Piècen nach an den Hänn vun den Amerikaner sinn? Freet de Claude Meisch weider. Huet Lëtzebuerg gefrot fir d'Indicen aus den Archiver erëmzekréien a wann nee, firwat?