Affär Bommeleeër:"Voies de Garage" a "Raison d'état"

An d'Affär Bommeleeër ass Bewegung komm. An zwee Männer sinn eng onerwaarten objektiv Allianz agaang. De Procureur-général an de Maître.
An der Affär Bommeleeër gëtt zanter enger Woch op ville Niveauen erëm geschafft. Nei Zeie melle sech, al Zeie ginn nei evaluéiert. Zanter de Prozess géint zwee fréier Gendarmen effektiv dreet, ass nei Bewegung an de Dossier komm. An zwee Männer sinn eng onerwaarten objektiv Allianz agaang.Se zéien un engem Strank an déiselwecht Directioun, dat ass ongewéinlech, well normalerweis attackéiert deen een deen aneren schaarf. Deen aneren – dat ass den deemolege Procureur Robert Biever – deen emol an der Affär BL vun enger chappe de plomb, engem Bläideckel, geschwat, deen iwwer allem leie giff. Deen een, dat ass de Maître Vogel, den Affekot vum inculpéierte fréiere Gendarme Marc Scheer, dee fillt an dëser Affär eppes Ähnleches. Hie géif net wëssen, wat sech nach traméiert. Et wier ee "Point mysterieux" an der Affär.
A fir dat ze maachen, hätt de Gaston Vogel jo am Fong gär, datt säi Client sech giff schëlleg nennen, well da kënnt hien, maître Vogel, d’Hannermänner aus der Police an aus der Politik vum Ofstellgleis erofhalen, wou se et sech gemittlech gemat hunn, op hirer voie de garage. D'Enquête wier ganz kloer vun de "Supérieurs hiéarchiques" sabotéiert ginn. An déi géif hien, Gaston Vogel, aus dëser Voie de Garage eraushuelen.
An do begéine sech eben de Procureur-général an de Maître. Well och de Robert Biever huet jo schonn e puer Mol gesot, datt Leit aus der Hierarchie vun der fréierer Gendarmerie net alles soten, wat se wossten oder datt se stënterlech vergiesslech gi sinn. Do géif et vill Amnesie ginn. Wat méi héich gradéiert, wat méi Amnesie.
Schwaarz op wäiss huet een dat jo am faméise Bréif, deen de Robert Biever dem deemolege Justizminister Luc Frieden geschriwwen hat, den 23. Januar 2008. Do ventiléiert a kommentéiert de Robert Biever jo de Rôle an d’Aussoen vum Pierre Reuland a vum Guy Stebens, déi un der Spëtzt vun der Brigade mobile waren an déi vun hirem Chef Aloyse Harpes. Hannergronn ass d’Attentat op d’Geriicht an déi faméis Observatioun vum Ben Geiben, déi jo schief gaang war. Kee fënnt Gnod virum haarden Uerteel vum Procureur, kee giff richteg d’Wouerecht soen.
Och den deemolege Geheimdéngscht-Chef Hoffmann hätt ni alles gesot, wat e wosst, sot de Robert Biever emol. Un all déi Polizisten – ob se elo Reuland, Stebens, Schockweiler oder Harpes heeschen – ass pénal ni eppes komm. Si hunn d’Affectatioun gewiesselt oder sinn an der Pensioun. Voie de garage.
Et wor de fréiere Premier Jacques Santer, deen an engem Interview viru 4 Joer dës politesch Bemierkung gemaach hat. Jiddwere wier iergendwéi an dës Affär involvéiert. Dat huet geklonge wéi eng Warnung. De Sënn dervun kéint dëse sinn, mam Maître Vogel geschwat: Raison d'état.