Affär Bommeleeër: De Pierre Reuland erkläert sech

Dossier Bommeleeër: De Pierre Reuland reagéiert op d'Reprochen, déi hie gemaach kritt. Hien hätt keng Amnésie....
De fréiere Policegeneraldirekter Pierre Reuland huet den 13. Februar 2008 um Owend an engem Schreiwes d'Virwërf vum Procureur Robert Biever u seng Adress zréckgewisen; duerch deem säi Bréif hat de Justizminister Luc Frieden de Pierre Reuland jo vu senge Fonctiounen entbonnen. Am Dossier Bommeleeër géif hien net un Amnesie leiden, sou den Ex-Policegeneraldirekter, mä kéint sech net un dat erënneren,wat him reprochéiert gëtt, well et net sou gewiescht wär, wéi de Procureur et an deem Bréif duerstellt. Mat der Observatioun, am Oktober 1985, vum Ben Geiben hätt hien, Pierre Reuland, näischt ze di gehat, am Géigesaz zu séngem deemolegen Adjoint Jos Steil; organisatoresch wär hien net doru bedeelegt, an den Deeg virdrun net am Land an den Owend vun der Explosioun vun der Bomm um Geriicht an der Stad séngem Agenda no am Convict gewiescht. De Rapport vum Geheimdingscht iwwert déi Observatioun dierft dem fréiere Generaldirekter vun der Police no un d'Chefe vun der Gendarmerie a vum Geheimdingscht gaange sinn. Am Rapport vun de Beamte vum Geheimdingscht, deen 2004 am Kader vun enger Perquisitioun do opgedaucht war, géif säin Numm och net stoen.
De Pierre Reuland wëll och net gewosst hunn, dass säin Adjoint Jos Steil zesumme mam Ben Geiben verdächtegt gi wär. Dee Jos Steil wär och en zentrale Personnage vun der Observatioun vum Geheimdingscht a géif och an deem Rapport genannt ginn. De Rapport iwwert d'Observatioun vum Ben Geiben wär och ni op säi Schreifdësch komm, sou den Ex-Polissgeneraldirekter, mä wuel bei e Gendarmerie-Colonel, de Chef vum Geheimdingscht oder den deemolege Premier Jacques Santer. Wat de Jos Steil ugeet, sou wär deen am November 1985 vun der Brigade mobile ofgezunn an op eng Plaz am Kommando vun der Gendarmerie gesat ginn.
„Ech gi quasi veruerteelt", heescht et am Communiqué vum Pierre Reuland, an zwar op Grond vu Gesetzer, déi et net géif ginn a géint déi hie sech deemno net wiere kéint. Dem Procureur Robert Biever geheit de Pierre Reuland, Zitat, „suspicions et ragots" vir. De fréiere Polissgeneraldirekter seet nach, dass hien d'Justiz ëmmer ënnerstëtzt hätt a séng Fonction mat groussem Bedauere verloossse géif.
Am deem Kontext froen déi Gréng, dass d'Kommissioun déi de Geheimdéngscht kontrolléiert d'Rapportë vum Service Renseignement am Zesummenhang mat der Affaire Bommeleeër, zur Verfügung gestallt kritt. Mëttlerweil géif jo op der Place publique iwwert des Dokumenter geschwat ginn an de Pierre Reuland géif och a sengem Bréif drop verweisen. Et wier essentiell dass d'Kontrollkommissioun hirer Roll gerecht gëtt.
Och den Deputéierten Aly Jaerling huet sech an der Affaire Bommeleeër zu Wuert gemellt. Hie kritiséiert dass verschidden Deputéiert wéi ee Sheriff géifen optrieden.
Si sollten d'Police an d'Justiz a Rou loossen an den Untersuchungsriichter seng Aarbecht maache loossen.