Statskrise oder awer dach keng - dat war jo an der leschter Woch d' Discussioun um politesche Plang am Dossier Bommeleeër.

Mir kommen elo op en aneren Punkt vun der Affair zeréck:
op d' Fro, wievill a wéi de Geheimdéngscht mat der Justiz a mat der Gendarmerie cooperéiert huet, haptsächlech bei der faméiser Observatioun vum verdächtege Ben Geiben, dem fréiere Chef vun der brigade mobile.

D' Reporter Nico Graf a Marc Thoma hunn dowéinst mat engem geschwat, deen et wësse misst, dem Jacques Santer, deen als Premier an den 80er Joer Chef vum Service de renseignement war.

Hei den Interview mam Jacques Santer, dee sech iwwerascht weist, wéi et am Dossier weidergang ass.

RTL Radio Lëtzebuerg Interview Jacques Santer vum 11.Februar
Interview mam Jacques Santer