De Bommeleeër aus den 80er Joer gëtt juristesch vill reprochéiert, den Haptvirworf ass awer eben d'tentative d'assassinat.

Well ugangs Juli 1985 hate si zu Asselscheier e Booby - Trap gebaut, eng Sprengfall, an déi Mënsche sollte lafen, an däer Mënsche sollte stierwen, Leit, déi do wunnen, Gendarmen, déi op d' Plaz geruff si ginn.

D' RTL Reporter Nico Graf a Marc Thoma hu mat deene Leit geschwat.