Bei zwou Geleeënheeten huet de Procureur Robert Biever an de leschte Wochen nawell laang iwwer d' Bommeleeër geschwat. Déi eng Occasioun war natierlech séng faméis Presse-Konferenz, déi aner Occasioun war säin Optrëtt de 5. Dezember an der juristescher Chamber - Commissioun.

Mir hunn de Verbatim aus däer Sëtzung virleien.

An do liest een dat hei: de Robert Biever huet bei den Deputéierten bal datselwecht gesot wéi virun der Presse, mee nëmmebal.

Well et gouf Prezisiounen, éischtens wat de Rôle vum Pierre Reuland, also vum deemolege Chef vun der brigade mobile bei den Observationen vu séngem fréiere Kolleg Ben Geiben ubelaangt, ganzinteressant Prezisiounen awer och, wat genee an deenen Deeg am Oktober gelaf ass. Et dréit sech do alles ëm d'Attentat op d' Geriicht, de 19. Oktober 1985.

En Dossier vum Nico Graf.

RTL Télé Lëtzebuerg D'Enquête 1984-2007 11.01.2008
D'Enquête 1984-2007 11.01.2008