Affär Bommeleeër: Bomm vu Beidweiler

D' Bommenattentater aus de Joer 1985 a '86 - dat seet een esou, a schonn huet een e Feeler gesot.
Well d' Serie vun den Attentater huet scho 1984 ugefaang. Dat wosst zwar keen, mee esou wor et. Wann Awunner aus den Dierfer ëstlech vu Beidweiler bei den RTL-Reporter Nico Graf a Marc Thoma gefrot hunn - a wann déi dann Enquêteuren oder de Procureur gefrot hunn - op d' Attentat op e Pylône aus dem Joer 1984 net och an d' Bommeleeër - Serie géing gehéieren - da krute se ëmmer d' Äntwert, nee, dat war eppes anescht.
Zanter gutt zwou Wochen huet sech dat geännert. De Nico Graf mat engem Dossier iwwer dat alleréischt Attentat op en Cegedels-Pylône.
AUDIO: Extrait Mëttes Journal vum 13. Dezember 2007
RTL Télé Lëtzebuerg D'Enquête 1984-2007 13.12.2007
Bomeleeër Enquête 1984-2007
Am meeschte gelies