Affär Bommeleeër: Journalisten diskutéieren am Presseclub

Affär Bommeleeër: Am RTL-Presseclub hunn d'Journalisten aus den ënnerschiddlechen Medien nach eng Kéier iwwert déi lescht Evolutiounen am Dossier Bommeleeër diskutéiert.
2 Persounen gi verdächtegt direkt mat der Affär a Verbindung ze stoen. Et handelt sech ëm 2 Polizisten, déi zu der Zäit vun den Attentater Memberen vun der Brigade Mobile vun der Gendarmerie waren. Déi 2 Beschëllegt goufen mëttlerweil vum Déngscht suspendéiert.
Fir iwwert dës nei Mouvementer am Bommeleeër-Dossier ze schwätzen waren als Invité am Studio de Marc Glesener vum Wort, de Nico Graf vun RTL Radio, de Claude Karger vum Journal an de Lucien Montebrusco vum Tageblatt.
Duerch d'Sendung gefouert huet de Marco Goetz.
Am meeschte gelies