Affär Bommeleeër: Kritesche Bréif vun der Madame Betz-Colbet

Affär Bommeleeër: D'Redaktioun vun RTL krut nawell e kritesche Bréif zum Dossier Bommeleeër eran. Hei en Auszuch dorausser:.
Zitat:
"Erlabt mir, als ee vun den direkt betraffenen Geschiedegten duerch Bommeleeër (mir wunnen am aalen Gericht) just dës Remarque: Esou guer an all aeren reportagen déi zum 20ten "Jubiläum" vun de Bommenattentater komm sin, grad esou wéi kuerz no den Attentater, ass niemols riets gang iwert dat, wat déi Lait matgemach hun, déi an engem Staatsgebai gewunnt hun an de Kapp duer gehall hun fir de Staat.
Déi méinte lang Aengschten, wann ee wees, dass een eng potenziell Zielscheif ass a virun allem Angscht : wann et da bei eis knuppt, komme mir mam Liewen dovun???? wann een e Kand huet vun 1 1/2 Joër!"
Mir hun eis dee Bréif zu Herz geholl; d' RTL Reporter hu mat der Madame Betz - Colbette geschwat.
AUDIO: Extrait Mëttes Journal vum 06. Dezember 2007