Affär Bommeleeër: Perquisitioune bei zwee Verdächtegen, Verhéier an, RTL no, d’Beschëllegung, zesumme mat Komplize fir d’Attentater responsabel ze sinn....

Vum 23. op de 25. November 2007 koum ferm Beweegung an d’Affär Bommeleeër. Déi zwou Persounen, déi soen, si hätten näischt mat den Attentater vu viru ronn 20 Joer ze dinn, goufe fir kuerz Zäit festgeholl, e bessche méi spéit awer nees op fräie Fouss gesat, well keng Gefor bestéing, dass si géifen fortlafen; stonnelaang ware si Samschdes de 24. November vun der Untersuchungsriichterin Doris Woltz gehéiert ginn.

De Procureur Robert Biever sot Sonndes op enger Pressekonferenz, si wäre fréier Membere vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie an haut am Dingscht vun der Police. Si sinn eisen Informatiounen no 50 an 53 Joer al.

RTL Télé Lëtzebuerg Video: Pressekonferenz 1. Deel
RTL Télé Lëtzebuerg Video: Pressekonferenz 1. Deel