Den Dossier Bommeleeër läit zanter gëscht um Parquet. Dat huet de Procureur Robert Biever éis gesot.

D’Untersuchungsriichterin Doris Woltz huet dem Parquet dee voluminösen Dossier op den Dësch geluecht, fir datt de Parquet Positioun bezéie kann.

Déi speziell Enquêteurs-Equipe vun der Police gëtt méi kleng; an Zukunft schaffe nach just zwee Mann um Dossier, bis ewell waren et der véier.

D’Enquêteuren, sot de Procureur Robert Biever, hunn zanter dem Joer 2002 an haut eng 265 Rapporte geschriwwen, 312 Auditiounen mat Zeie gemat an och 59 Perquisitiounen, dorënner waren der e puer bei de forces de l’ordre selwer.

Kompletten Interview mam Procureur Robert Biever
RTL Télé Lëtzebuerg Kompletten Interview mam Procureur Robert Biever 12.07.2007 - Marc Thoma