Den 18. November hat de Juge d'Instruction ganz onerwaart matgedeelt dass et elo nees eng Hotline géif an och eng "Hotmail"-Adress, wou d'Leit sech kéinte mellen, fir den Autoritéiten Observatiounen iwwert d'Événementer vun 1985 matzedeelen.

10 Deeg duerno krut RTL eng anonym E-Mail geschéckt, an där kuerz a bënneg stoung, dass ebe just grad déi héich "offiziell" Adress enquete85 @ hotmail.com geknackt wier, dat heescht d'Passwuert net méi geheim ass.

Just 2 Messagen an 10 Deeg

An engem Communiqué vum Parquet a vun der Police Grand-Ducale gëtt vu "piraterie informatique" geschwat. Dëst wier en Delikt an et géif eng Enquête an deem Kontext lafen. Entre-temps gouf op Ufro vun der Police déi E-Mail bei Hotmail sperre gelooss.

Wann een dem Communiqué gleewe kann, konnt den Hacker net vill Intressantes ze liese kritt hunn. Am Ganze wiere just 2 Message un déi offiziell Adress geschéckt ginn, deen éischte géif sech just op Commentairë beschränken, deen zweeten hätt e puer Informatioune geliwwert, déi awer missten iwwerpréift ginn.

Telefons-Hotline bleift aktiv

D'Police weist dann awer nach drop hinn dass d'Hotline 4997-6666 weider disponibel ass fir Leit déi wëllen eng Informatioun un d'Enquêteurë weiderginn, an zwar Méindes bis Freides vun 8.00 bis 18.00 Auer, respektiv iwwert Répondeur ausserhalb vun de Bürosstonnen an um Weekend.

RTL Télé Lëtzebuerg Reportage Hotmail 28.11.2005
RTL Télé Lëtzebuerg Reportage Hotmail 28.11.2005 - Marc Thoma