News 2005 - Reaktiounen no den Zeienaussoen op RTL

D'Zeienaussoen an den RTL Reportagen vum 9. November hunn eng Well vu Reaktiounen ausgeléist, ënnert de Leit, mä och a politesche Kreeser.
No parlamentarëschen Ufroen, Reaktioune vum fréieren Arméiminister Marc Fischbach an dem heitege Justizminister Luc Frieden hat virun allem de Premier Jean-Claude Juncker um Briefing nom Regierungsrot vum 11. November gesot, hie géif sech interpelléiert fillen vun de läschten Revelatiounen.De Premier sot, hie wéilt den Zeie vun RTL perséinlech treffen, fir gewuer ze ginn ween dee Mann um Owend vum Attentat gesinn hat. De Staatsminister huet och versprach hie géif dem Procureur den Numm vun där Persoun weiderginn, déi deemols um Findel vum Zeien erkannt gouf.
Den Zeien trefft séch mam Jean-Claude Juncker
Dat Treffen tëscht dem Zeien an dem Jean-Claude Juncker huet de 14. November owes stattfonnt. Iwwert den Inhalt vun de Gespréicher war näischt gewuer ze ginn.
An nach en neien Zeie hat sech bei RTL gemellt. Den Här Lauckes war deen Owend vum Attentat, den 9. November 1985, um Wee fir heem no der Aarbecht. Kuerz ier et geknuppt hat, waren him deemols nieft dem Findel vu Sandweiler erfort 2 Männer quasi virun den Auto gesprong. Den Här Lauckes hat misste schaarf bremsen, fir béid Männer net ze iwwerrennen. Well hien se vu relativ no gesinn hat, konnt en se och deemols den Enquêteuren beschreiwen. D'Signalement vun deem enge Mann, sou den Zeien haut, kéim bal op d'Aussoe vun der Famill Schommer eraus, "ee grousse schmocke Mann", déi aner Persoun wier méi kleng gewiecht, 1.65 bis 1.70 Meter, an hätt eng schwaarz Mutz ugehat...
Den Dossier kënnt an d'Chamber
Déi juristesch Chamberkommissioun huet sech dëse 16. November mam Dossier befaasst. D'Deputéiert hunn dobäi de Minister Luc Frieden an de Procureur Robert Biever gelauschtert.
No der Reunioun huet de Minister rappeléiert dass et virop der Regierung ganz wichteg wier dass d'Enquête sérieux weider gefouert gëtt an all nei Erkenntnisser opgegraff an examinéiert ginn. Ausserdem huet de Minister insistéiert dass och an dësem Fall d'présemption d'innocence géif gëllen, dat heescht kee Mënsch dierf am viraus condamnéiert ginn op Basis vun Zeienaussoen. An deem Kontext huet de Luc Frieden och gesot dass ee Personnage scho virun 20 Joer an de Rumeure virkomm wier.
Den anonymen Zeien aus den RTL Reportagen gouf um selwechten Dag stonnelaang vun Enquêteure gehéiert. Deen Zeien seet jo, hien hätt virum Attentat um Findel e verdächtege Mann mat engem bekannte Gesiicht gesinn an hien hätt der Police och den Numm vun deem Mann genannt. Doropshinn hätt hien Angscht gemaach kritt a wier och e Mount laang verfollegt ginn.
De fréiere Staatsminister reagéiert
De Jacques Santer, deen 1985 Staatsminister war, an deemno och Chef vum Geheimdéngscht, seet an engem RTL Interview, d'Politik hätt deemools näischt vertuscht, mä hätt au contraire alles gemaach fir d'Affaire opzeklären. Et wieren effektiv deemools verschidde Leit op Écoute geiwecht, dat Ganzt an engem legale Kader, mä dat hätt näischt bruecht fir d'Enquête.
![]() | Reaktioun Marc Fischbach, deemolegen Arméiminister 10.11.2005 - Interview Nico Graf Audio |
![]() | Reaktioun Luc Frieden, Justizminister 11.11.2005 - Interview Nico Graf, Marc Thoma Audio |
![]() | Reaktioun Premier Jean-Claude Juncker |
![]() | Zweeten Interview mam Aenzeien |
![]() | Attentat um Findel: et gouf nach en Aenzeien... 15.11.2005 - Interview Nico Graf, Marc Thoma Reportage Radio Lëtzebuerg Reportage Télé Lëtzebuerg |
![]() | Juristesch Chamberkommissioun |
![]() | Reaktioun Jacques Santer, deemolege Staatsminister 17.11.2005 - Interview Nico Graf, Marc Thoma Reportage Radio Lëtzebuerg Reportage Télé Lëtzebuerg |