Communiqué vum Parquet:
de Prënz Jean ass kee Bommeleeër!

Am fréien Nomëtteg vun dësem 22. Februar huet de Parquet via Communiqué matgedeelt, dass de Prënz Jean vu Lëtzebuerg, de Brudder vum Groussherzog, den 9te November 1985 zur Zäit vum Bommenattentat um Findel net am Land war. Weider heescht et dass de Prënz Jean op keng Manéier an d’Attentater vu viru 20 Joer verwéckelt war. De Bommendossier gëtt net zougemaach, et gett weider enquêtéiert an d’Instructioun ass nach amgaang, sou um Enn vum Communiqué.

Reaktioun vum Zeien op de Communiqué

An der Affaire Bommeleeër acceptéiert den Zeie vum Findel d’ Declaratioun vum Parquet dass de Prënz Jean en Alibi hätt fir den 9. November 1985. Trotzdem bleift den Zeien vun deem iwwerzeegt, wat hie gesinn huet a kënnt zur Conclusioun, dass de Prënz e gudden Doppelgänger misst hunn.

D’Untersuchungsriichterin hat den Zeien dës Woch nach eng Kéier convoquéiert. Dënschdes moies, den Dag virum Communiqué vum Parquet, sollt hien op Fotoën déi Beamten identifizéieren, déi hie virun 20 Joer ënner Drock gesat haten, de Numm vum Prënz net ze nennen. Deen Interrogatoire ass ouni Resultat bliwwen.

De Premier reagéiert am Briefing nom Regierungsrot

icone_fernseh.jpgRTL Télé Lëtzebuerg 
News Communiqué Parquet
22.02.2006 - Marc Thoma
Video
icone_fernseh.jpgRTL Télé Lëtzebuerg 
Reaktioun Zeien
23.02.2006 - Marc Thoma
Video
icone_beweis.jpgDokument 
Communiqué Parquet
22.02.2006
Link
icone_radio.jpgRTL Radio Lëtzebuerg 
News Communiqué Parquet
22.02.2006 - Nico Graf
Audio ¦ Audio 2 ¦ Audio 3
icone_radio.jpgRTL Radio Lëtzebuerg 
Reaktioun Zeien
23.02.2006 - Nico Graf
Audio ¦ Audio 2
icone_beweis.jpgDokument 
Reaktioun Gaston Vogel
22.02.2006 - Radio DNR
Audio ¦ Audio 2 ¦ Audio 3
icone_beweis.jpgDokument 
Reaktioun Jean-Claude Juncker - INTEGRAL
22.02.2006 - Pressebriefing
Audio ¦ Video