Perquisitiounen: Entrevue tëscht Parquet a Conseil de Presse 
D’Perquisitioune bei BCE, dem Emailprovider vun RTL, stoungen de 7. Februar am Mëttelpunkt vun enger Entrevue tëscht dem Bureau vum Conseil de Presse, der RTL-Direktioun a Vertrieder vum Parquet.

D’Justiz wollt jo dem Hacker op d’Spuer kommen deen d’Hotmail-Adress geknackt hat, déi d’Enquêteuren fir Indicen aus der Populatioun opgemaach haten. Des Perquisitioune goufe vill commentéiert an d’Justiz krut reprochéiert géint de Quelleschutz ze verstousse.

RTL huet en zweeten Avis juridique vum Me Pol Urbany op den Dësch geluecht. An de Conclusiounen heescht et dass ee BCE op der Säit vum Diffuseur muss gesinn a BCE domat ënnert de Quelleschutz fällt, dee Journalisten zousteet. D’Perquisitioun wier domat illegal an irregulär.

Dem Parquet ass et an der Entrevue an der Haaptsaach drëm gaang fir déi chronologesch Faiten an der Affär z’erklären. Et gouf nach eng Kéier ënnerstrach dass et net drëm goung iwwert ee Journalist un den Hacker ze kommen.

De Conseil de Presse wärt sech elo nach emol am grousse Kreess mam Sujet beschäftegen. De President huet awer elo scho fir sech d’Conclusioun gezunn, dass net géint de Quelleschutz, dee Journalisten zousteet, verstouss gouf.

Op Säite vun der Direktioun vun RTL gouf ënnerstrach dass d’Entrevue konstruktiv war. Fir de Rescht verweist een op den Avis juridique wou d’Perquisitioun wéi gesot als illegal ugesi gëtt.

RTL Télé Lëtzebuerg Perquisitiounen - Suite 07.02.2006
RTL Télé Lëtzebuerg Perquisitiounen - Suite 07.02.2006 - Journal