Perquisitiounen: Verletzung vum Pressegesetz?

Dësen 23. Januar gouf bei BCE, Broadcasting Center Europe, eng Perquisitioun duerchgefouert, déi als But hat fir d'Originne vun der sougenannter Affaire Hotmail ze retracéieren. BCE ass den hausinternen Internet Provider vun RTL, deen domat all Internet Accès an E-Mail Echange vun den RTL Redaktioune geréiert.

Fir d'Erënnerung: den 28. Oktober 2005 hat RTL vun enger anonymer Persoun iwwert E-Mail en Hiweis kritt dass déi offiziell Hotmail Adress vun den Enquêteure geknackt wier, eng Adress op déi d'Populatioun sollt Hiweiser am Kader vun der Bommeleeër Affaire schécken. Déi Adress war doropshinn dee selwechten Dag sperre gelooss ginn.

Sämtlech Journalisteverbänn hu sech an engem gemeinsame Communiqué choquéiert gewisen iwwert déi Perquisitiounen am Gebei vun RTL. Dëst wier eng kloer Verletzung vun der Pressefräiheet, well d'Press mat esou Methoden hirer Roll net méi kënnt gerecht ginn. De Justizminister hat de selwechten Dag op 2 parlamentaresch Ufroe vum Xavier Bëttel a vum Robert Mehlen geäntwert, dass déi Perquisitiounen keng spezifesch Journaliste viséiert hätten, mä dass et drëm goung fir den Auteur vun enger "fraude informatique" ze fannen, deen eng E-Mail vun der Police piratéiert hätt. Och déi europësch Journalistefederatioun huet an engem Communiqué um Mëttwoch grad ewéi hir lëtzebuerger Kollegen d'Perquisitiounen denoncéiert an nach eng Kéier erënnert dass de Quelleschutz fundamentale Prinzip vum Journalisteberuff ass. De Charles Ruppert, President vum Lëtzebuerger Conseil de Presse schwätzt vun engem "graven a préoccupante" Fall. Hie begréisst an deem Kontext dass de Procureur Roby Biever eng Entrevue beim Presserot ugefrot huet, déi de 7. Februar soll stattfannen. RTL huet sengersäits reagéiert a stellt an engem Communiqué kloer, datt d’BCE zu 100 Prozent eng Filial vun der CLT-UFA ass. En éischten Avis juridique, deen vun RTL ugefrot gouf, berifft sech op dat neit Pressegesetz a méi spéziell op de Quelleschutz. Net nëmmen de Journalist, och den Editeur an notamment den Diffuseur géifen ënnert de Quelleschutz falen, an domat och BCE, esou d'Resultat vun deem Avis. Ausserdem géif de "piratage informatique" net ënnert d'Ausname falen, déi am neie Pressegesetz virgesi wieren.

De Parquet schlussendlech huet an engem weidere Communiqué d'Aussoë vum Justizminister confirméiert, mat der Precisioun dass nieft BCE och nach bei der Post a bei Luxembourg Online Perquisitiounen ordonnéiert gi wieren. Et géing eenzeg an aleng drëm d'Persoun z'identifiéieren déi d'Hotmail Adress geknackt hat. D'Justizautoritéite hätten a kengem Moment wëllen dat neit Pressegesetz, respektiv de Prinzip vum Quelleschutz violéieren.

icone_fernseh.jpgRTL Télé Lëtzebuerg 
Reportage iwwert d'Perquisitiounen
24.01.2006 - Journal
Video

icone_beweis.jpgDokument 
Communiqué Journalisteverbänn
24.01.2006
PDF

icone_beweis.jpgDokument 
Reaktioun Luc Frieden op parlamentaresch Ufroen
24.01.2006
PDF

icone_radio.jpgRTL Radio Lëtzebuerg 
Interview mam Laurent Mosar
25.01.2006 - Marc Linster
Audio

icone_presse.jpgPressartikelen
Perquisitioune bei RTL
25.01.2006
d'Wort ¦ La Voix ¦ Tageblatt ¦ Le Quotidien ¦ Journal

icone_radio.jpgRTL Radio Lëtzebuerg 
Perquisitiounen: d'Avisë vun de Juristen
25.01.2006 - Nico Graf
Audio

icone_beweis.jpgDokument 
Communiqué RTL
25.01.2006
PDF

icone_beweis.jpgDokument 
Communiqué Fédération Européenne des Journalistes
25.01.2006
Link

icone_fernseh.jpgRTL Télé Lëtzebuerg 
Perquisitiounen: Reaktiounen
24.01.2006 - Monique Kater
Video

icone_radio.jpgRTL Radio Lëtzebuerg 
Reaktioun Alain Berwick, Direkter RTL
26.01.2006 - Moiesjournal
Audio

icone_radio.jpgRTL Radio Lëtzebuerg 
Commentaire Marc Linster
26.01.2006 - Moiesjournal
Audio