Den RTL Zeie gouf zweemol an enger Woch verhéiert 

Mëttwoch 25. Januar 2006 ass den Zeien, deen och mam Jean-Claude Juncker Juncker geschwat hat, nach eng Kéier stonnelang verhéiert ginn. Um Donneschdeg moien hunn RTL Journalisten deen Zeie gesinn. Hien huet eng ganz néiergeschloen Impressioun gemaach, filt sech ënnert enormem Stress a belaascht, well esou intensiv Verhéier net ouni Spur un engem laanscht ginn. Den Zeien huet kategoresch refuséiert fir Detailer iwwert d'Verhéier ze ginn, mä et schéngt awer esou ze sinn, datt d’Beamte virun allem drun intresséiert sinn, wat d’Journaliste wëssen. Den Zeien gouf duerno fir den Dag drop, Freides de 27. Januar bei d'Untersuchungsriichterin convoquéiert, wou hien 2 Stonne laang gehéiert gouf, wou hien nach eng Kéier alles confirméiert huet, wat hie virdrun ausgesot hat.

RTL Informatiounen no ass elo och op eemol am Dossier Bommeleeër eng Aktennotiz erëmfonnt ginn, déi beweist, datt den Zeien sech schonn den 9. November 1985 bei den Autoritéite mat Observatioune gemellt hat, dat heescht genee op deem Dag wou d’Attentat um Findel war.

Nach eng Kéier am Resumé: den Zeie seet, hien hätt mueres géint 4 Auer bei der Paart vum Findel e bekannt Gesiicht gesinn, hätt dat esou géint halwer siwen, wéi den Telefon besat war, der Police matgedeelt, hätt, wéi en den Numm an d’Autosnummer duerchginn huet, en erféierte Beamten op där anerer Säit vum Telefon gehat, no der Schicht Nomëttes hätt hien du Besuch gehat vun zwee Hären, déi hien intimidéiert hätten an Owes wéi d’Bommen explodéiert waren erëm Besuch an erëm Intimidatiounen a wochelaang wier hien duerno verfollegt gi vu Leit an engem Auto.

Den zweeten RTL Zeien, deen 20 Joer duerno nees verhéiert gouf ass de Robert Schommer. Hien huet den Enquêteuren nach eng Kéier erzielt, dass hien a seng Fra deemools mam Trakter laanscht de Findel ënnerwee waren an dobäi e jonke Mann mat engem bloen Jeep gesinn haten, deen se iwwregens genee nach haut beschreiwe kënnen. D'Enquêteuren hun elo just den Här Schommer gehéiert, d'Madame Schommer, obschonn dass si an de Reportage vun RTL iwwert déi Persoun geschwat hat, gouf net convoquéiert.

RTL Informatiounen no sinn och zwee vun deene Männer, déi ëmmer am Gespréich waren, Bommeleeër ze sinn, vun den Enquêteure gehéiert ginn.

RTL Télé Lëtzebuerg Dossier - Suivi RTL Zeien 26.01.2006
RTL Télé Lëtzebuerg Dossier - Suivi RTL Zeien 26.01.2006 - Marc Thoma