Zweete Findel-Zeien beim Juge d'instruction

Méindeg, 20. Februar 2006 ass den zweete Findel-Zeien, dee sech bei RTL gemellt hat, de Robert Schommer, bei der Untersuchungsriichterin passéiert. Hien a seng Fra hate jo virun e puer Méint iwwert Radio an Télé hir Observatioune vum 8. November 1985 matgedeelt. Si haten, een Dag virum Attentat um Findel, bei der Clôture vum Flughafen ee suspekte Personnage gesinn.

De roude Kabel am Reportage op der Télé...

Dee jonke Mann, deen se deemools gesinn haten, hat allerhand Material bei sech, wat an engem jäizeg bloen Jeep verstaut war. Dat war ënnert anerem Drot an Zaangen an och hëlze Këschten, déi wéi Munitiounskëschten ausgesinn haten. Virun allem awer huet de Robert Schommer de roude Kabel, d'Sprengschnouer, am Reportage de läschte 16. Februar erkannt. Biller, déi deemools 1986 am Hei Elei scho gewise gi waren op Demande hi vun den Enquêteuren.

RTL Télé Lëtzebuerg Dossier - Findel Zeien 20.02.2006
RTL Télé Lëtzebuerg Dossier - Findel Zeien 20.02.2006 - Marc Thoma