Bommeleeër: Wat krut den FBI fir Beweiser vun der Affär geschéckt? De Minister äntwert: D’Enquête leeft nach an et ass net un him, fir Positioun ze huelen.

De Justizminister François Biltgen huet elo just geäntwert op d’Fro vum liberale Fractiounschef Claude Meisch. Dee wollt Detailer wëssen, iwwert Beweiser aus der Bommeleeëraffär, déi un den FBI gaange woren an als verschwonne gëllen.

De Minister wier net am Besëtz vum Instructiouns-Dossier a wéisst näischt iwwert de Contenu.

De Procureur général Robert Biever sot eis op Ufro, de Bommeleeërprozess wier elo am Fong unhängeg a sollt do gefouert ginn. De Robert Biever seet dowéinst an der Ëffentlechkeet näischt iwwer déi ganz Affär.