Bommeleeër: Vill Gendarme wosste vun Ufank u Bescheed

Bommeleeër: Eise Recherche no wosste vill Gendarme vum Ufank un vun der Affär, datt d'Bommeleeër aus de Force de l’ordre komme missten.
Dat weisen Detailer iwwer de Luxite-Déifstall an der Carrière zu Iernzen, vu viru bal genee 27 Joer.
Fuesdënschdeg, de 19.2. 1985 ass un déi lokal Gendarmerie e Coup-Telefon komm aus der Carrière Feidt vun Iernzen. Um Telefon e rosene Mann, deen dem Gendaarm op der anerer Säit d'Levitte gelies huet, esou op de Genre "wat mat Dir eigentlech, hei gëtt Dynamit geklaut a vun Iech gesäit ee näischt". De Gendarm ass aus alle Wolleke gefall, well bis dohinner hat e nach näischt héieren vun engem Luxite-Déifstall a senger Géigend.
D’Gendarmen si séier op Iernzen an d’Carrière gefuer. A wat se do gesinn hunn, dat huet hinne guer net gefall.
De Betrib an der Carrière war – no der Paus iwwer der Fues-Weekend – einfach erëm weidergaang, dat heescht: duerch d’Spuren um Buedem, déi et eventuell hätt kënnen ginn, waren zeg Leit derduerch gelaf an och Camionen waren duerch gefuer, alles war zerstéiert, futti getrëppelt.
Dunn hu se sech gefrot, firwat si net geruff gi waren. An do kruten se eng Äntwert, déi se nach méi iwwerrascht huet: éischtens gouf et keen Alarm wéint dem Abroch an zweetens – wann ee komm wier – da wiere guer keng Gendarmen an der Géigend gewiescht, fir deem nozegoen, well se waren ze soen alleguer aus dem Oste vun Land an Direktioun Stad ofgezunn, detachéiert ginn. D’Vermuddung ass, datt e Gendarmeries-Chef derfir gesuergt hätt, datt keen hätt kënnen op d’Plaz op Iernzen fueren, wann een eppes vum Luxite-Klau gemierkt hätt. An anere Wieder: d’Virfeld vum Geklaus wier extrem gutt preparéiert gewiescht. Net ze vergiessen: och zu Altwis, zu Brouch an um Sennengerbierg ass dee Weekend Luxite geklaut ginn.
Op der Plaz, um Tatort zu Iernzen, hunn d’Gendarme festgestallt, datt och déi Aktioun selwer immens gutt preparéiert war. D’Täter missten der e puer gewiescht sinn a se ware beschtens equipéiert, se haten Briecheisen, Meessel an Hummer matbruecht. A se hu schwéier geschafft, se haten eng duebel Mauer opgebrach a se hate probéiert, déi schwéier Dalle, déi labber op dem Sprengbunker louch, ze réckelen. Duerfir hunn se militärescht Equipement gebraucht, et goung an der Gendarmerie direkt riets vun engem Treuil, déi vum Motor vun engem schwéiere Camion gedriwwe gëtt. A se wieren immens kënneg gewiescht, se hätten nëmme Sprengmaterial geklaut, 108 Kilo Luxite, 9 Rulle Sprengschnouer a 500 Sprengkapselen.
Kee Wonner, datt déi lokal Gendarmen direkt geduecht hunn, datt do militäresch forméiert Leit geschafft hunn.
Mä net genuch domat. D’Leit aus der Carrière soten de Gendarmen, et wieren zwee Mann vum Miess- an Erkennungsdéngscht op der Plaz gewiescht, déi hätten e Meessel beschlagnahmt a matgeholl. Net anormal, dat. Wat awer total anormal war, dat ass, datt déi lokal Gendarmen soen si wiere ni gewuer si ginn, wien vun der Sûreté op der Plaz war, datt déi sech ni mat hinnen a Verbindung gesat hunn an datt d’Gendarmerie ni e Rapport vun deenen zwee gesinn huet. Esou e Rapport hätte si misse kréien, fir hir Erkenntnisser mat deene vun de Sûretés-Leit ofzegläichen, alles net geschitt. An dat wier louche.
Wat sollten se man, op der Plaz, do wou déi normal Enquête-Regelen net agehale gi sinn? Et ass decidéiert ginn e Rapport ze maachen, deen sech eben net un déi normal Gendarmeries-Directiven gehalen huet, well déi eben net méi anzehale waren, well näischt gestëmmt huet an dëser Saach.
Zum Zäitpunkt vun der Dot hu se an hire Rapport geschriwwen: Freitag den 15.2. bis Dienstag 19.2.85, vermutlich zur Nachtzeit, eng Manéier fir ze soen, datt d’Luxite-Déif immens vill Zäit haten, fir hir Action an datt keen se gestéiert huet.
Am Resumé: zwee Méint ier déi grouss Bomme-Serie 1985 ugefaang huet, haten déi lokal Gendarmen schonn de präzise, begrënnte Verdacht, datt an de Forces de l’ordre eppes net an der Rei wier, datt militäresch organiséiert Kräften aus de Forces de l’ordre de Luxite geklaut haten. An dat konnt nëmme klappen, wann alles beschtens vun uewen erof organiséiert a gedeckt war. Ier also 18 Bommen explodéiert sinn, wosste Gendarmen, datt se an den eegene Reien misste no den Täter sichen.