An der Affär Bommeleeër geet am Requisitoire vum Procureur d’État Robert Biever op 23 Säite Rieds iwwert d’“avatars“, d.h. d’Wandlunge vun der Enquête.

Nieft dem Oflaf vun der Observatioun, am Oktober 1985, vum Ben Geiben, engem Rapport vum FBI an der Roll vum Armand Schockweiler gëtt sech - virun allem - op 11 Säite mat där vum Pierre Reuland beschäftegt.
V.a. Aussoen, am Joer 2006, vum Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie zur Zäit vun den Attentater a spéidere Policechef si „pour le moins hautement surprenants“, wéi et an der Ukloschrëft steet.

Am Oktober vun deem Joer geet den deemolege Generaldirekter vun der Police bei engem Abschid vun engem Polizist dovun aus, dass hien elo nees un der Rei wär; zwee Deeg virdru war nämlech de Guy Stebens vun der Untersuchungsriichterin Doris Woltz gehéiert ginn. De Pierre Reuland sot weider, et kéint, respektiv misst ee jo net alles soen, an dass hie sech bei där Auditioun, egal wat een hie froe géif, un näischt Weideres erënnere géif.

Am Gespréich mat engem Polizist huet de Pierre Reuland gemengt, dass den Dossier definitiv misst ofgeschloss ginn, fir dass een nees zur Rou kéim, an dass een net bis d’Pensioun un deem Dossier schaffe kéint an och nees aner Aufgaben iwwerhuele misst. D’Polizisten, déi mat hirem Chef vun där Zäit gediedegt hunn, hu vun onmëssverständleche Bemierkunge vum Pierre Reuland geschwat an dovun, dass et fir hie keng nach sou plausibel Argumenter géif ginn, déi weider Enquêtë justifizéiere géifen.

Wuertwiertlech sot de fréiere Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie: „Ech si mer bewosst, dass d’Press an d’Ëffentlechkeet eis Reprochë wäerte maachen, mir hätte keng gutt Aarbecht geleescht an net alles gemaach, fir déi Schëlleg ze fannen. Et wäert dann e bëssen dämpen, mä domat musse mir an d’Justiz liewen. No enger Zäit wäert sech d’Gedäisch ëm d’Saach geluecht hunn“.

Dono widderhëlt de Pierre Reuland, et wär net sou schlëmm, wéi ee menge géif, „gleeft mer et“. D’Poliziste ronderëm hunn dat net hannerfrot. Hire Chef huet doropshi gemengt, hie géif sech Suergen ëm hir Gesondheet maachen, a si misste bis hir Pensioun nach op aner Gedanke kommen, wéi sech just mat der Affär Bommeleeër ze befaassen. Textuell héiert dat sech sou un: „Leet Holz op den Dossier a maacht eppes anescht; et gëtt nach vill aner interessant Aufgabe bei der Police. De Schëllege ka jo scho laang dout sinn; vläicht läit en hei zu Schëtter um Kierfecht“. Wouropshinn e Polizist gemengt huet, de Pierre Reuland hätt sech domat selwer fir e Verhéier ugemellt. „Jeder lachte, obwohl das ganze Gespräch eher zum Weinen war“ ass de fin mot vun enger Note, déi, wéi am Requisitoire ze liesen ass, d’Enquêteure mat Widderwëlle geschriwwen hätten, well se zudéifst iwwert d’Attitude vun hirem Generaldirekter schockéiert waren.

Ronn 5 Méint virun deem Abschid vun engem Polizist da war et um Bord vun der Visite vum russesche President Wladimir Putin zu Lëtzebuerg zu engem Gespréich tëscht dem Pierre Reuland an dem Procureur Robert Biever komm, an deem et eenzeg an eleng ëm d’Affär Bommeleeër goung.

Dobäi huet de Policechef de Procureur gefrot, wéini deen Dossier géif zougemaach ginn, well et evident wär, dass een et ni géif fäerdeg bréngen, fir d’Auteure vun den Attentater z’identifizéieren. De Robert Biever war op deem Punkt méi reservéiert an huet gemengt, et wär am Intressi vun der Justiz a vun der Police, dass den Dossier eréischt da géif zougemaach ginn, wann ee feststelle géif, dass d’Aarbecht doru komplett gewiescht wär. Dem Pierre Reuland no hätt een, wann d’Enquêten 1998 an absënns 2001 net erëm opgeholl gi wären, just e ronne Réck brauchen ze maachen, wéi et zu Kritike koum, ë.a. vun RTL; souwisou wär d’Affär net sou schlëmm gewiescht, wär keen uerg verwonnt ginn an hätt et sech jo nëmmen ëm e Spill gehandelt.

Vun Ufank 2002 un, schreift de Procureur d’État a senger Ukloschrëft, hätt d’Untersuchungsriichterin Doris Woltz doriwwer eraus bal all 6 Méint bei de Pierre Reuland missen drëm biedele goen, fir am Zesummenhank mat der Affär Bommeleeër e puer Enquêteuren detachéiert ze kréien. Dat mannst, wat ee soe kéint, wär, dass de Policechef dacks ganz retizent gewiescht wär, fir dat ze maachen. Méi wéi eemol hätt hien eréischt no laangen Diskussiounen an animéierte Bréifwiessele seng Zoustëmmung ginn.

De leschte Saz vum Robert Biever seet villes: «S’il ne faut pas donner aux faits relatés ci-avant une importance décisive, il n’en reste pas moins qu’ils donnent une connotation pour le moins hautement désagérable à l’affaire».

E Freiden hat den DP-Deputéierte Claude Meisch de Justiz- an Inneministeren iwwregens eng Question parlementaire urgente am Zesummenhank mat engem Rapport vum FBI gestallt.

Dee Punkt soll um Méindeg de Moien an enger Reunioun vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht zur Sprooch kommen.

Bommeleeër: Requisitoire vun 129 Säiten
Bommeleeër: Requisitoire vun 129 Säiten
Requisitoire Bommeleeër: Iwwerraschend Aussoe vum Policechef
Requisitoire Bommeleeër: Iwwerraschend Aussoe vum Policechef.