Chamber-Commissioun Geheimdéngscht: FBI-Rapport Bommeleeër

Am Zesummenhank mat der Affär Bommeleeër war e Rapport vum FBI e Sujet an der parlamentarescher Kontrollkommissioun vum Geheimdingscht.
Ufank 1986 hat dee Service de renseignement de l'État d'amerikanesch Bundespolice mat enger Enquête befaasst, fir eppes iwwert d'Personalitéit vum Bommeleeër gewuer ze ginn. Agente vum FBI goufen dofir vum Lieutenant Armand Schockweiler a vun Enquêteure vun der Sûreté op d'Plaze vun den Attentater begleet, heescht et am Requisitoire vum Procureur d'État. Dobäi war et fir de Robert Biever um Untersuchungsriichter, fir d'Enquête ze leeden; déi vun der US-Bundespolice ass deemno fir de Procureur eng Amëschung an de Fonctionnement vun der Justiz.
Enn Februar 1986 schreift den FBI an engem Bréif, e wär ëm eng Expertise gefrot ginn, wat dem Robert Biever no eng weider Immixtioun duerstellt. Dass d'Amerikaner saiséiert Piècen zur Verfügung gestallt kréien, wär en Détournement dovun, schreift de Procureur d'État. Et wéisst och keen, wat fir eng a wéi vill Beweisstécker un d'US-Autoritéit goungen, an och keen, wou se dru sinn; op Lëtzebuerg sinn déi Piècen op alle Fall net zréckkomm.
Donieft wären d'FBI-Enquêteuren dovun ausgaangen, dass ee Bommeleeër eleng oder e Grupp fir d'Attentatsserie responsabel war; deemno ass et fir de Robert Biever evident, dass d'Leit vun der amerikanescher Bundespolice net driwwer informéiert waren, dass ee vun e puer Auteure misst ausgoen. Nom Attentat an de Kasematten, Ufank Juli 1985, wär et kloer gewiescht, dass d'Bommeleeër op d'mannst zu 4 hu misse gewiescht sinn, ass an der Ukloschrëft ze liesen.
Obwuel den FBI-Rapport am Verglach mat deem vum däitsche Bundeskriminalamt moer wär, wat d'Iddien, d'Déift an de Contenu ugeet, wär en awer dowéinst interessant, well en deem vum BKA net widdersprécht, mä a genee déiselwecht Richtung geet. Dass dee Rapport allerdings eréischt am Mäerz 2003, spréch 17 Joer no der Demande dono, an de Justizdossier koum, géif all Commentaire iwwerflësseg maachen, notéiert de Procureur am Réquisitoire.
D'Roll vum Geheimdingscht an dëser Affär hält de Robert Biever och fir op d'mannst iwwerraschend. Zur Zäit vun den Attentater hat dee SREL nëmme Kompetenzen um Niveau vun der baussenzeger Sécherheet. Fir de Procureur d'État stellt sech d'Fro, ob de Geheimdingscht an dëser Matière inkompetent war - da géif sech d'Fro stellen, firwat e gefrot gouf, fir sech heirëms ze bekëmmeren - oder wuel kompetent war: An deem Fall hätt hie rose wéineg gemaach.
Den Direkter vum Geheimdingscht hätt et och staark bedauert, dass säi Service net an d'Enquête abezu war. Am Oktober 1985 gouf e Comité des adjoints vun den Arméi-, Gendarmerie-, Poliss- a Geheimdingschtchefe geschafen, fir ë.a. eng Lëscht vu potenziellen Attentatsziler an der Stad opzestellen; de Vertrieder vum SREL gouf awer vum Gendarmerie-Colonel Charles Bourg aus deem Grupp erausgehäit, well de Geheimdingscht-Mann net déi richteg Formatioun gehat hätt.
Wéi de Robert Biever schreift, hätt och de Comité de sécurité wéinst der Attentatsserie missen zesumme kommen. Dee koum zwar 5mol beieneen, ma et goung nëmmen zweemol (am Mäerz 1986 an am Januar 1987) iwwert d'Bommeleeër Rieds. Déi zwou Kéieren hätt den Armand Schockweiler just Exposée gehalen, an deene keng nei Informatiounen dra waren.
Zréck bei den FBI: Deen hat a sénger Analys ë.a. festgehalen, dass e paramilitäresche Club hannert den Attentater stoe kéint. Där Pist wär awer ni nogaange ginn.
Wat d'Beweisstécker betrëfft, déi saiséiert goufen, hält de Réquisitoire fest, dass 86 där Piècë verschwonne sinn - vun 125 am Ganzen! De Procureur notéiert: "Le fait que des pièces saisies ont disparu au cours de l'enquête dénote au moins une désorganisation profonde, même si d'autres réflexions sont permises. Que l'on transmette des pièces saisies aux autorités américaines, que toutes les pièces par rapport à l'attentat de Hollerich ont disparu est inacceptable."
Claude Meisch: Musse Beweisstécker zréck kréien
Am Kontext vum FBI-Rapport wollt den DP-Deputéierte Claude Meisch de Moien an der parlamentarescher Kontrollkommissioun vum Geheimdingscht Informatiounen doriwwer kréien, besonnesch no der Nouvelle, datt Beweisstécker am Dossier géife feelen wéint dem FBI.
Et wëll een elo zesummen, als Kommissioun an als Geheimdingscht, kucken, fir nach Detailer erauszefannen, sou de Claude Meisch, fir dee v.a. soll probéiert ginn, Beweismaterial zréck ze kréien; dat kéint der Transparenz an der Kloerheet an der Affär Bommeleeër dingen.