Fir d'Paus tëscht de Knupperte vum 2.12. 1985 an dem 16.2. 1986 gëtt et keng Explicatioun. Et sief dann, d'Enquêteure wieren de Bommeleeër ze no komm.

Fir de Knuppert vum EU-Sommer aus dem Dezember 1985 hunn déi inculpéiert fréier Gendarmen Marc Scheer a Jos Wilmes déi lescht Woch jo en Alibi kritt. Mee dat ass net déi eenzeg Ongereimtheet an der Enquête.
Wien wosst, datt d'Autobunn während dem Sommet net gespaart wier? Wien wosst, datt d'Autobunn net iwwerwaacht ginn ass? Wie wosst, datt keen Helikopter um Himmel war?

Alles Froen, déi de Procureur général Robert Biever iwwer de Knuppert vum Kierchbierg a sengem Réquisitoire stellt an d'Äntwert op seng Froen ass ëmmer déiselwecht: Leit aus dem Sécherheetsapparat, aus de Forces de l'ordre wossten, wéi Mitterand a Kohl a Thatcher a Santer giffen iwwerwaacht ginn. An wahrscheinlech och – se hu jo hir Kollegen kannt – datt de Chaos riseg wier, wann eppes geschéie giff. An de Chaos war enorm. De klenge Kueb war voll mat Interventiounspersonal vun der Arméi a wéi et geknuppt hat, gouf et do e wüsten Duercherneen vun Uerderen, sou datt 20 Minutten duerno kee Mënsch aus dem Kueb erauskomm war. An dobaussen ass och derfir gesuergt ginn, datt näischt geschéie sollt.

E fréiere Gendarme sot eis, hien hätt beim Holiday Inn gestan, wéi et gerummst huet. An duerno wor et mucksmäuschenstill am Police-Funk, déi Rou huet "fuerchtbar laang" gedauert, sot de Mann, an du koum eng Stëmm aus dem Funk, déi sot "jidderee bleift op sengem Posten ", se hate jo fix Posten iwwerall, et koum eben net den Uerder "späert d' Autobunn". D'Stëmm, déi aus der Direction des opérations komm war, dat war déi vum Jos Steil, also dem haut héchst verdächtegen awer verstuerwene fréieren Adjoint aus der brigade mobile.

Mee deen Owend ass awer een arrêtéiert ginn. Soen d'Taxi-Chauffeuren Denis Kallen a Nicolas Hoffmann. An zwar wieren der gepëtzt ginn um Enn vun der Autobunn um Sennengerbierg. Hat den Nicolas Hoffmann eis viru 4 Joer gesot. D'Forces de l'ordre haten um Sommet doriwwer geschwat, seet de Nicolas Hoffmann nach haut.

Egal wéi, de Knuppert um Sommet war den 2. Dezember 1985 an dann dauert et bis de 16. Februar 1986, ier erëm eng Bomm explodéiert, beim Camille Hellinckx um Cents.

Fir déi Paus gëtt et bis haut keng valabel Explicatioun. Et sief dann et hëlt een un, datt d'Enquêteuren de Bommeleeër ze no komm waren.