Am Requisitoire vum Procureur d’État zur Affär Bommeleeër ass d’Fro „A qui profite le crime?“ vun zentraler Bedeitung.

De Robert Biever schreift an deem Kontext, dass et e Fait ass, dass d’Attentatsserie genee sou onerkläerlech ugefaangen huet, wéi se opgehalen huet.D’Finalitéit vun den Attentater war net terroristescher Natur, well Auteure vu sou Attacke kloer politesch Fuerderungen hunn oder wichteg politesch Changementer froen, sou de Procureur. D’Bommeleeër hätte sech vun Ufank un un de Staat adresséiert, a méi genee un d’Gendarmerie.

De Procureur d’État adjoint Jean-Marie Hary hat der Untersuchungsriichterin Doris Woltz op d’Fro, wee vun den Attentater profitéiert hätt, dat heite geäntwert: „Was mich persönlich stutzig gemacht hat, ist der Umstand, dass, nachdem 100 zusätzliche Gendarmen eingestellt worden waren, die Serie der Sprengstoffanschläge aufhörte“.

Tëscht 1986 an 1990, also no den Attentater, goung de Budget vu Gendarmerie a Police ëm 64% an d’Luucht; an därselwechter Zäit ass dee vun der Justiz just ëm knapp 37% geklommen. Den Effectif vu Police a Gendarmerie huet sengersäits ëm 28% zougeholl.

Mat der Waldbëlleger, der Joerhonnertaffär an dem Doud vum Polizist Patrice Conrardy, am Oktober 1985, wär déi Zäit eng ganz agitéiert gewiescht. D’Forces de l’ordre ware ganz onzefridden an hunn ë.a. méi Material a Personal verlaangt. Bal 2.000 Leit waren dofir am Dezember 1985 bei enger ëffentlecher Manifestatioun dobäi. Doropshi krute Gendarmerie a Police ë.a. modern Kommunikatiounssystemer a Munitioun; d’Regierung hätt deemno bal all d’Recommandatiounen aus engem Rapport vun der Commission de sécurité publique ëmgesat.

Duerch ë.a. d’Aart a Weis, fir ze handelen, an d’Wësse ronderëm d’Attentatsplaze wär kloer, dass d’Auteuren - oder en Deel dovun - aus der Gendarmerie misste kommen an net aus der Arméi, ass am Requisitoire ze liesen. Fir d’Bommen ze bauen, hunn d’Gendaarme wuel op spezifesch Brochurë vum Bundeskriminalamt zréckgegraff, vun deenen awer net gewosst ass, u wat fir eng Unitéite se hei goungen. De maximalen Aktiounsradius vun de Bommeleeër hätt, vun der Stad aus, 8km ausgemaach; doriwwer eraus hätte just Leit vun der Gendarmerie, der Sûreté oder der Brigade mobile, déi all um Verluerekascht installéiert waren, Informatiounen iwwer Detailer gehat, déi just de Bommeleeër bekannt waren.