Biever: Lescht Attentat Mäerz 1986 hat eng staark Symbolik

BKA: "No deem Attentat Enn Mäerz 1986 op d'Haus vum Ex-Kommandant vun der Gendarmerie hunn d'Auteure keen Intérêt méi fir weiderer gesinn".
"Dëse Fall huet eng grouss Bedeitung, well e fir d'Enn vun der Serie steet. No deem Attentat hunn d'Auteure keen Intérêt méi fir weiderer gesinn": Dat steet an enger Analys vum Bundeskriminalamt zum Attentat vun de Bommeleeër, Enn Mäerz 1986, op d'Haus vum Ex-Kommandant vun der Gendarmerie, Jean-Pierre Wagner.
Fir de Procureur d'État Robert Biever war dëst Attentat - eemol méi - eng gelleg Provokatioun, wéi et a sengem Requisitoire steet. Deen Owend war nämlech am Groussen Theater d'Première vun der Revue, déi den Titel "Knuppefreed" hat.
V.a. d'Forces de l'ordre hätten deen Owend mat engem Attentat gerechent, ass an der Ukloschrëft ze liesen. D'Gendarmerie hat dofir eng Rëtsch Kontrollen organiséiert a Patrullen ënnerwee, iwwerdeems vill Polizisten a Gendaarme ronderëm den Theater mobiliséiert waren.
Dem BKA no dierft sech de Kommandant Wagner op Grond vu senger fréierer Positioun an der Gendarmerie als Affer qualifizéiert hunn. Bis Enn September 1985, wéi hien an d'Pensioun goung, war de Mann ë.a. fir d'Affär Bommeleeër responsabel, schreiwen d'Leit vum Bundeskriminalamt. Et misst een hei e perséinlecht Motiv vun de Bommeleeër iwwerpréiwen, dat op de berufflechen Aktivitéite vum Här Wagner, respektiv privaten Aktivitéiten oder Kontakter baséiert.
De Procureur notéiert, dass ë.a. dem Jean-Pierre Wagner seng Integritéit exemplaresch an de Mann geschätzt a ganz respektéiert war. Hien hätt der Politik géintiwwer quasi keng Fuerderunge gestallt, wat weidert Personal oder Material fir d'Gendarmerie ugeet, an näischt vu méi moderne Strukture wëlle wëssen.
Dowéinst géifen hannert dem Attentat op säin Haus berufflech an net perséinlech Grënn stiechen. Et war dat lescht Attentat vun der Serie, an d'Bommeleeër hunn dono guer kee Liewenszeeche méi ginn, sou de Robert Biever. Dat Attentat hätt dowéinst eng staark Symbolik.
D'BKA huet nach festgehalen, dass et tëscht der Pensionéierung vum Kommandant Wagner an dem Attentat op säin Haus vläicht zu Changementer bannent der Police an der Gendarmerie koum, déi ënnert him net zustane komm sinn. Duerch déi Verännerunge wär däitlech ginn, dass et virdrun um Här Wagner loung, dass et net dozou koum, an dass domat seng Responsabilitéit fir den Zoustand bis dohi beluecht war.