Bommeleeër: De C. Meisch wëll Präzisiounen am Fall Reuland

Bommeleeër: Den DP-Fraktiouns-Chef Meisch huet e Bréif geschriwwen, fir gewuer ze ginn, wéini a wéi wäit de Luc Frieden vum R. Biever informéiert gouf.
De Claude Meisch wëll Präzisiounen kréien a Schrëftstécker gesinn. Et geet - am Fong – drëm wéini wie wosst, datt de Policedirekter Pierre Reuland d'Bommeleeër-Enquête unhale wollt. Eng Geschicht, déi sech iwwer 6 Joer bis haut zitt. Et ass eng Saach, déi ee vun hannen no vir erziele muss, leider mat villen Datumen, mee et geet net anescht:
De 24. Mee 2006 – de Vladimir Poutin war am Land – hëlt de Police-Chef Pierre Reuland de Procureur Robert Biever op d'Säit a freet hien, wéini d'Bommeleeër– Enquête clôturéiert giff ginn, well d'Täter giff een jo dach ni fannen.
Den 20. Oktober 2006 seet de Pierre Reuland ähnlech Saachen zu den Enquêteuren; déi maachen doriwwer e Rapport.
A Mëtt November 2006 gëtt de fréiere Gendarme Marc Scheer vun den Enquêteuren gehéiert a verwéckelt sech a Widderspréch, déi him d'Inculpatioun bréngen.
Mëtt Juni 2007 seet de Robert Biever op eiser Antenn en Täter-Grupp wier identifizéiert.
De 25. November 2007 mécht de Procureur Biever seng memorabel Presse-Konferenz, wou hien d'Brigade mobile als dee Grupp benennt.
A 4 Deeg duerno schreift hien dem deemolege Justizminister Luc Frieden e Bréif – 18 Zeilen aus deem Bréif stinn a sengem Requisitoire – an et sinn eben déi Passagen iwwer de Pierre Reuland, dee freet wéini d' Enquête eriwwer wier.
Näischt geschitt – op jiddwer Fall net no baussen.
Den 23. Januar 2008 schreift de Robert Biever dem Luc Frieden e weidere Bréif, dat gëtt erréischt mëttes den 30. Januar bekannt an nomëttes an der Chamber debattéiert. An deem Bréif steet dran, wéi déi héich Gendarmen Harpes, Reuland, Stebens, Schockweiler an der Bommeleeër-Enquête Amnesien haten an/oder d' Enquête torpedéiere wollten.
De Robert Biever schwätzt vu Bréif-Annexen, déi publizéiert kéinte ginn. Eben déi Annexen wëll déi liberal Oppositioun elo gesinn a freet dat beim Chamber-President Mosar un, notamment wëll de Claude Meisch de ganzen éischte Bréif un de Luc Frieden gesinn. Et geet dem liberale Fraktiouns-Chef natierlech drëm gewuer ze ginn, wéini de Luc Frieden wat wosst an ëm de genee Rôle vum Pierre Reuland.
De Ball läit elo beim Chamber-President Laurent Mosar. De Luc Frieden ass net méi Justizminister, den neie Justizminister François Biltgen ass elo mat dëse Saache geplot.
An d'Parteien an der Chamber? Silenzium - just d' DP wibbelt e bëssen.