Déi excellent physesch Konditioun, déi d’Bommeleeër haten, géif fir d'Membere vun der Brigade mobile schwätzen, seet de Procureur Robert Biever.

Opgrond vun de Kapitelen „Analys vun de Faiten“ a „Pist an der Gendarmerie“ am Requisitoire vun der Affär Bommeleeër stellt sech fir de Procureur d’État d’Fro, aus wat fir engem Grupp vun der Gendarmerie d’Attentäter koumen.
 
Dass den Enquêteuren no d’Missiounen, d’Aktivitéiten, d’Wëssen an d’Kapassitéite vun der Brigade mobile oder vu Membere vun hir, méi genee sollten ënnert d’Lupp geholl ginn, hat fir de Robert Biever seng Grënn. Vun all de Gendarmerie-Unitéite géife just d’Membere vun der BMG all d’Charakteristiken aus dem Kapitel „Analys vun de Faiten“ erfëllen, heescht et am Requisitoire.
 
Zum Beispill géif déi excellent physesch Konditioun, déi d’Bommeleeër haten, fir Membere vun der Brigade mobile schwätzen. Donieft géif de Fait, dass déi bannent enger Stonn no engem Tëschefall hu misse prett sinn, fir z’intervenéieren, erklären, firwat den Aktiounsradius vun den Attentäter nëmmen 8km ronderëm d’Stad ausgemaach hätt; sou hätte si kuerz dono op hirer Aarbechtsplaz um Verluerekascht kënne sinn. Eenzel Membere vun der BMG hätten doriwwer eraus eppes iwwer Sprengstoff an d’Hantéieren domat gewosst, iwwerdeems anerer Kniwweler waren, a Brochurë vum Bundeskriminalamt iwwer Bomme wären och un d’Brigade gaangen. Wéi 1983 eng Bomm, déi virun der tierkescher Ambassade deposéiert war, entschäerft gouf, war d’BMG beispillsweis mat op der Plaz.
 
Och wossten d’Bommeleeër, wéi et an der Ukloschrëft steet, dass et de Forces de l’ordre onméiglech wär, iwwer méi eng laang Zäit vill Agenten ze mobiliséieren. Duerch hir Spezialmissiounen hu si d’Plaze vun den Attentater gutt kannt, an d’Brigade mobile war en homogene Grupp, dee gewinnt war, zesumme ze schaffen an Drock auszehalen.
 
Wat hir Motivatiounen ugeet, notéiert de Procureur, dass d’Iddi, fir Attentater duerchzeféieren, net spontan koum. D’Bommeleeër haten a sengen Aen, no enger laanger Zäit vun Onzefriddenheet, eng idealistesch Motivatioun, déi si dozou bruecht hätt, eppes wëllen z’änneren.
 
D’BMG gouf 1979 an d’Liewe geruff, fir ënner anerem den Terrorissem ze bekämpfen. 1983 huet de Pierre Reuland, spéidere Policechef, d’Rudder iwwerholl. Den Elitegrupp hätt ni déi am Ufank versprachen Expansioun kannt, mä wär ëmmer méi zu enger Sécherheetsunitéit degradéiert ginn. Virun deem Hannergrond hat de Pierre Reuland am Januar 1985 e Rapport un de Gendarmerie-Kommandant Jean-Pierre Wagner geschéckt: Dora gouf z.B. gefrot, eng 20 Leit bäizekréien. Wuertwiertlech heescht et: «Cette BMG est arrivée à un point décisif: ou bien elle est élargie, ou bien elle est vouée à sa disparition! Quel gâchis de perdre ces fonctionnaires excellents avec toutes leurs connaissances. Ne parlons pas des espoirs nourris pendant cinq ans qui soudain sont déçus».
 
Dowéinst, heescht et um Enn vun deem Deel vum Requisitoire, war et net verwonnerlech, dass d’Police judiciaire all d’deemoleg Membere vun der Brigade mobile gehéiert huet.